Search

You may also like

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!

Als hollännesche Moler gehéiert de Rembrandt van Rijn wuel zu

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit
International Neiegkeeten

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss

EFVV stellt den Ethikrot a Fro
International Neiegkeeten

EFVV stellt den Ethikrot a Fro

An engem „oppene Bréif“ un den Ethikrot an den Educatiounsministère,

No Mord un Ugehéierege vun engem Journalist

DW-Intendant fuerdert déi fräi Ausrees vun de Journalisten aus Afghanistan

No Mord un Ugehéierege vun engem Journalist

Datt Journalisten an hir Familljen am Islameschen Emirat Afghanistan a Liewensgefor stinn, an d‘Taliban geziilt Ermordunge virhuelen, beweist den traurege Virfall vum engem Mataarbechter vun der Deutsche Welle (DW). D‘Redaktioun vu moien.lu denoncéiert dües Methoden an erkläert sech solidaresch mat de Kolleege vun DW.

Taliban Kämpfer hunn – esou d‘Informatioun vun der Deutsche Welle – bei der Verfolgung vun engem DW-Mataarbechter, ee Familljemember vun dësem ëmbruecht an ee weider schwéier blesséiert. D‘Taliban hate bei enger Haus-zu-Haus Aktioun nom Journalist gesicht, deen awer mëttlerweil an Däitschland schafft. Weider Familljemembere konnten de Mäerder entkommen.

Den DW-Intendant Peter Limbourg huet dës Dot um Freideg schaarf veruerteelt a fuerdert vun der Bundesregierung der Situatioun entspriechend Moossnamen ze ergräifen. Den Däitsche Journaliste-Verband (DJV) huet sech dëser Fuerderung ugeschloss. De Peter Limbourg stellt an dësem Kontext fest:

“Die Tötung eines nahen Verwandten eines unserer Redakteure durch die Taliban ist unfassbar tragisch und belegt die akute Gefahr, in der sich alle unsere Mitarbeitenden und ihre Familien in Afghanistan befinden. Die Taliban führen in Kabul und auch in den Provinzen offenbar schon eine organisierte Suche nach Journalisten durch. Die Zeit läuft uns davon!”

Et gëllt als geséchert datt d‘Taliban d‘Haiser vu mindestens dräi DW-Journalisten „besicht“ hunn. Kolleege vun anere Medie sinn zudeem schon entfouert oder ëmbruecht ginn. Zu de bestätegten Affer gehéieren den Nematullah Hemat (Ghargasht TV) an de Toofan Omar (Paktia Ghag Radio). Hiren Doud gouf den „Autoritéite“ confirméiert. De fir „Die Zeit“ als Iwwersetzer beschäftgegten Amdadullah Hamdard ass den 2. August zu Djalalabad op oppener Strooss erschoss ginn.

Och dee mam Pulitzer-Präis ausstafféierten indesche Fotograf Danish Siddiqui, gouf leschte Mount vun den Taliben zu Kandahar ëmbruecht. Den DJV-Virsëtzenden, Frank Überall, seet dozou: „Et ass d‘gebuert vun der Stonn, d‘Journalisten ze retten an hinne Schutz an Däitschland unzebidden“. Mee den Ament ass Bundeswalkampf, a wéi gewosst ass, wëllen d‘Kandidate net sech 2015 widderhëlt.

Illustratioun: Wikimedia Commons

Related topics Afghanistan, Deutsche Welle, Deutscher Journalisten-Verband, Journalisten, Liewensgefor, Taliban, Terror
Next post Previous post