Search

You may also like

dislike
#Metoo, erkläert
International Meenung Neiegkeeten Stories

#Metoo, erkläert

Deen een oder aneren vun iech huet et villäicht schonn

Festival de Wiltz: Déi éischt Events fir 2021 sti fest!
International Meenung Neiegkeeten Stories

Festival de Wiltz: Déi éischt Events fir 2021 sti fest!

Datt an dësem Joer och de Festival de Wiltz ausfält,

money
Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld
International Meenung Neiegkeeten Stories

Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld

Am November wéi d‘ULC hire „Réckbléck“ gemaach huet, ass natierlech

Homosexuell a Schwulefeindlech?

Dem neofaschistesche Viktor Orban säi Sodomit, Jozsef Szajer, stellt d‘Parteiideologie an d‘EPP a Fro (kommentéiert Analys)

Homosexuell a Schwulefeindlech?

Op der ganzer Welt – ausser natierlech an Ungarn, Polen, Brasilien an Tierkei – geet sech iwwert de bis dohinner éischter onbekannte Sodomit an a besonnescher Kreesser héich geschätzte Fidesz EU-Deputéierte Jozsef Szajer lëschteg gemaach. Eigentlech eng Frechheet an en eklatanten Affront dee Folgen huet. Diskriminéiert an am Internet gemobbt, trëtt den ungareschen Nazi of…

Gutt, et ass richteg, datt de Mann aus de Reie vun der éierewierdeger europäescher Vollekspartei (EPP) sech ëffentlech net an de feinsten Téin iwwert Gläichgesënnte geäussert huet. Et muss ee jo d‘Libido vun der Politik trenne kënnen. Leider ass et esou, datt een als erkläerte Faschist a kloer homophobe Politiker den Aarsch an de Box behale sollt. Dem „Josy“ ass et leider net gelongen.

Wat ass geschitt?

Et ass grad eng sanitär Kris ënnerwee, an am Kontext dovunner, gëtt et eng Rei Bestëmmungen déi d‘Zesummeliewen nei reegelen. Dat gëllt hei zu Lëtzebuerg, iergendwéi och an Ungarn mee ganz sécher bei eise belschen Noperen. Ausname gëtt et fir keen, also och net fir EU-Deputéierter, och wann se zur EPP gehéieren. Et sollt een also mat Konsequenze rechnen, wann een un enger illegaler Party deel hëlt. Et sollt een iwwregens och ëmmer mat Noperen déi d‘Police ruffe kéinte rechnen.

Denunziante sinn de Memberen an Unhänger vun der ungarescher Faschiste-Partei Fidesz streng geholl éischter wëllkomm, hei awer hätt ee gären drop verzicht. Leschte Freideg nämlech hunn „Noperen“ an engem Bréisseler Appartementshaus d‘Police geruff, well et dach eigentlech mam Confinement méi roueg Owender misst hunn, wéi dat elo do de Fall war. D‘Police huet festgestallt, datt et sech bei dësem „Kaméidi“ ëm ee Verstouss géint d‘Covid19-Oplage gehandelt huet.

Kreesverkéier mat upaken

Wärend d‘Polizisten sech duerch déi viischt Dier Zougang zum Fest verschaaft hunn, hat eise Josy aus Ungarn sech zur Flucht iwwert de Kullang entscheet. Et ass méiglech, datt de Jozsef Szajer hei just préiwe wollt, wéi gutt déi belsch Police hir Aarbecht mécht, wëll als EU-Deputéierten huet ee bekanntlech eng gewëssen „Immunitéit“. Jiddefalls huet sech d‘Kallef och nach derbäi blesséiert.

Net wierklech gentil war et, datt d‘Polizisten dann nach an dem Josy säi Rucksak gekuckt hunn, an och fonnt hunn, wat eigentlech net hätt dierfen am Rucksak sinn: DROGEN! Si hunn dann de Mann dee sech versicht huet als EU-Deputéierte weidere Froen ze entzéien, heem begleet wou hie säin diplomatesche Pass virgewisen huet. A selbstverständlech waren et net dem Josy seng Drogen…

D‘Police huet dann och Angaben zur „Party“ gemaach, déi ganz offiziell am Bericht vum Procureur als „un Gang-Bang clandestin“ vu 25 Männer bezeechent gëtt. Hätt de Josy net versicht eng Méck ze maachen – och dat geet aus dem Rapport ervir – wier hie mat 250 Euro Protokoll heemgeschéckt ginn, a kee Mënsch op der Welt wier jee eppes vum „Kreesverkéier mat upake“ gewuer ginn.

An der Stenge-Strooss

De Bistro an der „rue des Pierres“, deen an der Zeen beschtens bekannt ass, a wou een eigentlech net esou direkt mat Faschiste rechent, ass bei den EU-Diplomate ganz beléift. Esou war de Jozsef Szajer och net den eenzegen op dësem Owend, mee déi aner haten hiren Diplomatepass derbäi an hunn net versicht sech ze verfuussen. Si hunn och ouni ze meckeren déi 250 Euro ofgedréckt.

Streng geholl wier et och egal wat de Josy mat sengem primäre Geschlechtsdeel ustellt, a richteg Léift gëtt et jo bekanntlech souwisou nëmmen ënner Männer, wann et do net eppes Widderspréch géif ginn. A jo och e Faschist huet absolutt d‘Recht drop Schwul ze sinn, an dierf mat sengem Allerwäertesten no eegener Virléift maache wat hie well, esoulaang alles Gesetzeskonform ass.

Do bleift der den Dildo an der Rosette hänken

A well sech schonn zanter ganzen Ofsätz alles freet: „Wien der Däiwel ass de Josy a firwat esou en Opwand fir en Nazi?“ hei eppes Opklärung. De Jozsef Szajer ass alles wéi just keen onbedeitende Politiker. Den 1961 gebuerene Faschist mat homophoben Näipen, war vun 1994 bis 2002 de Fraktiounschef vun der Fidesz am ungaresche Parlament. Säit 2004 sëtzt de Josy zu Bréissel.

De Josy ass ee Grënnungsmember vun der faschistescher Fidesz an gëllt als eng vun den zentrale Figure vum virun zéng Joer agefouerte Verbuet fir gläichgeschlechtlech Bestietnisser an der ungarescher Verfassung. Hien huet sech zudeem massiv fir LGBTQI-Fräi-Zonen agesat, déi et och gëtt. Do hat eise Josy awer grousst Gléck, datt et esou eppes zu Bréissel (aktuell nach) net gëtt.

An Ungarn halen se den Deckel drop

De Jozsef Szajer hat séier gecheckt, datt d‘Bier geschielt, an den „Drops“ gelutscht war. Hien huet dat eenzegt richtegt gemaach an schonn um Sonndeg de Schwanz agezunn a säi Récktrëtt erkläert. En eppes herbe Schlag fir d‘EPP, dem Sammelsurium vu fundamentalistesche Katholike mam eppes ausgepräagte Sënn fir stramm konservativ Ideologien. Homosexualitéit allerdéngs gëtt aus „Grënn“ schonn eppes méi laang toleréiert, säit dem, Uschloss vun der Fidesz, och nees de Faschismus…

Seng Landsleit sollen awer méiglechst näischt gewuer ginn. Dem Josy seng Ausflich a männlech rektal Territoirë gi beschtefalls an engem Niewesaz ugeschnidden. Dat hat de Viktor Orban, wéi hien d‘Pressefräiheet an d‘Onofhängegkeet vun de Medien ofgeschaaft hat, zwar elo net direkt am Sënn, mee hien dierft sech elo iwwer déi grouss Wäitsiicht freeën. Am meeschte gefreet huet sech dem Jozsef Szajer seng Fra, déi angeblech ëmmer besuergt war, dat sech de Josy géif langweilen.

Foto: Och dem éisträichesche Postkaartemolert seng „Arier“ hunn sech zuweile ganz besonnescher Kierperfleeg higinn. Besonnesch an der Waffen-SS war Homosexualitéit ausgepräägt. Esou gesinn, kann a sollt ee bannent der Fidesz elo net ze streng mam Josy ëmgoen. Ëmmerhi war de Joszef Szajer zulescht de Leader vun der Delegatioun bannent der europäescher Vollekspartei (EPP). © Szablocs Panyi (via Twitter)

Related topics Drogen, EPP, EU-Deputéierten, Faschismus, Fidesz, Homophobie, Homosexualitéit, Jozsef Szajer, Toxikoman, Ungarn
Next post Previous post