Search

You may also like

Vun Delinquenten an déiwe Glieser
International Neiegkeeten

Vun Delinquenten an déiwe Glieser

D‘Police hat och um Sonndeg eppes Aarbecht. Esou gouf dës

12. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Vum Glyphosat, Green Deal a Klimawandel
International Neiegkeeten

12. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Vum Glyphosat, Green Deal a Klimawandel

Fir eng 12. Kéier huet de Wënzerverband, an Zesummenaarbecht mam

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung
International Neiegkeeten

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung

Nodeems et Berichter ginn huet, datt déi chinesesch Regierung Sonnereenheete

Juan Guaido als Iwwergangspresident vum Venezuela bestätegt

Am Venezuela ass den Oppositiounsleader Juan Guaido op en Neits als Iwwergangspresident vereedegt ginn. Fir dat hin ze kréien, huet d‘Oppositioun missen d‘Blockade vun den Nationalgardisten duerchbriechen, fir sech Zougang zum Parlament ze verschafen. De Juan Guaido huet geschwuer seng Flichten am Numm vun deenen ze erfëllen déi keng Stëmm hunn.

E Sonndeg war den Dissident no heftegen Handgräiflechkeete vun der Oppositioun als President vun der Nationalversammlung confirméiert ginn. Dës Wahl konnt net am Parlament stattfannen, well dem Juan Guaido den Zoutrëtt verwiert gouf. Hie gouf vun der Oppositioun an de Gemaier vun der regierungskritescher Zeitung „El National“ gewielt. Mee och am Parlament gouf ofgestëmmt.

Hei hat déi minoritär sozialistesch Fraktioun, den Deputéierte Luis Parra zum Virsëtzende vun der Nationalversammlung bestëmmt. De Luis Parra war no Korruptiounsvirwërf am Dezember vum Oppositiounsbündnis ausgeschloss ginn. Him gëtt zudeem virgeworf, Deel vun engem Netzwierk ze sinn, dat fir den Import vu mannerwäertege Liewensmëttel verantwortlech gemaach gëtt.

mat indymedia/ccs

Fotoen: © Asamblea Nacional

Related topics Iwwergangspresident, Juan Guaido, Nationalversammlung, Venezuela
Next post Previous post