Search

You may also like

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun
International Kultur Neiegkeeten

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun

De Konflikt, deen am Jemen d‘Äerzfeinden Iran a Saudiarabien géintenaner

Trump an Dieselskandal werfen hire Schied op de Genfer Autosalon
International Kultur Neiegkeeten

Trump an Dieselskandal werfen hire Schied op de Genfer Autosalon

D‘Automobilindustrie kann sech am schéinste Kleed weisen, um haidegen Dënschdeg,

Allianz géint e Brexit ouni Accord
International Kultur Neiegkeeten

Allianz géint e Brexit ouni Accord

Et sinn nach 64 Deeg bis zum Brexit an ob

Eenzegaarteges léisst sech net widderhuelen

Jubiläumsfestival Woodstock 50 fält aus

Eenzegaarteges léisst sech net widderhuelen

Organisatoresche Chaos a keng Artisten, esou kann ee kee Festival op d‘Been stellen. Dat huet dann elo och den Haaptorganisateur agesinn an de Jubiläumsfestival zum 50. Gebuertsdag vu Woodstock elo definitiv ofgesot.

„Mir sinn traureg datt eng Rei net geplangte Réckschléi et eis onméiglech maachen dee Festival ze organiséieren dee mir eis virgestallt haten“, esou de Mann dee virun engem hallwe Joerhonnert dee richtegen an eenzegaartege Festival op engem Feld bei New York organiséiert hat. Woodstock an de Michael Lang sinn an d‘Geschichtsbicher, de Festival „legendär“ a wéi gesot eenzegaarteg…

Woodstock

Virgesi war de Festival fir de 16. bis 18. August an déi éischt Kritik déi sech de Michael Lang hei muss gefale loossen: „et ass en eenzegt organisatorescht Chaos“. D‘Konsequenz: e vun de ganz groussen „Investisseuren“ huet sech aus dem Projet zréckgezunn. E Réckzuch deen de Ufank vum Enn bedeit huet. Ob emol stoung d‘Autorisatioun um Spill, wat du viru Geriicht „riichtgebéit“ gouf.

D‘Geneemegung war allerdéngs e „sekundäre“ Problem, well e Standuert fir de Festival huet sech net fanne gelooss. Wou nogefrot gouf, huet et Sécherheetsbedenke ginn. Den Organisateur huet sech en Häerz gefaasst a wollt de Festival aus dem Bundesstaat New York an de Bundesstaat Maryland verleeën. Dat war dann nees villen Artisten net geheier an déi hu sech Reieweis zréckgezunn.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: Stuart Hampton

Related topics Michael Lang, Woodstock
Next post Previous post