Search

You may also like

Shutdown: Eng presidentiell Offer
Neiegkeeten

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zanter elo gutt véier Wochen ass de „Shutdown“ (Haushaltsspär) a

Russeschen Zar zerleet westlech finanzéierten Dissident
Neiegkeeten

Russeschen Zar zerleet westlech finanzéierten Dissident

De President vun der russescher Federatioun, Vladimir Putin, huet dëse

Nach ëmmer op der Sich no der Oprett „Sonili“
Neiegkeeten

Nach ëmmer op der Sich no der Oprett „Sonili“

Scho laang ass de Jean Kandel op der verzweifelter Sich

Juegdparzellen: Eng laang Prozedur kënnt dem Enn no

Juegdparzellen: Eng laang Prozedur kënnt dem Enn no

Reform vun de Juegdparzellen hat d‘Regierung 2016 an Ugrëff geholl. Elo hunn Ëmweltministère n ANF d‘Grenze vun de Lousen esouwäit finaliséiert. Entspriechend dem Gesetz ass den nationalen Territoire a Parzellen agedeelt, déi mindestens 300 Ha Fläch bedroe mussen.

Mat engem groussherzogleche Reglement sollen dës „Grenzen“ elo festgehale ginn. D‘Autoritéite preziséieren datt déi aktuell Opglidderung vun de Lousen – déi nach bis 2021 gülteg ass – net méi um leschte Stand ass an och dem Kritär vun der Mindestfläch vun 300 Ha net méi entsprécht. Alles an allem ginn et 124 Juegdparzellen. Déi bestoend Grenze goufe sengerzäit op der Basis vun de kommunale Grenzen oder Kadastersektioune gezunn.

Dat hat allerdéngs zur Konsequenz, datt eng gréisser Zuel vu „Grenzen“ schwéier auszemaache waren, bestoend Infrastrukturen net berécksiichtegt goufen oder laanscht d‘Bëschgrenz an dem Bauer sengem bestallte Feld gezu gi sinn. Dat huet och zum Dissens tëscht de Landwirt an de Jeeër gefouert, dat notamment am Kontext vun engem Wëldschued, esou beispillsweis d‘Wëllschwäin de Baueren hir Gromperestécker ëmplouen.

Am Kader vun de Virbereedunge vun engem neie groussherzogleche Reglement, huet dann och emol fir unzefänken e Plang vu Lotissementer, deen de Kritäre vun der Zynegetik an der Ekologie gerecht gëtt, missen ausgeschafft ginn. No Berodunge mat ieweschte Juegdrot war 2016 entscheet ginn d‘Parzellen op der Basis vun dëse Kritären nei ze definéieren. En éischte Projet war vun der ANF opgrond Kaarten an no Concertatioun mat de Fieschter erstallt ginn.

Den 1. Mäerz huet de Regierungsrot dësem Projet, deen d‘Grenze vun de Juegdparzellen an seng Soumissioun zur ëffentlecher Consultatioun festleet, gréng Luucht erdeelt. Consultéiert gouf de Public vum 15. Mäerz bis de 16. Abrëll. 222 Bemierkunge goufen deponéiert, 17 haten de Sujet net getraff an vum deem wat iwwereg bliwwen ass, sinn 102 Awänn ganz oder partiell ugeholl ginn. Déi goufe bei der Aktualiséierung vun de Louse berécksiichtegt.

Hei ergëtt et sech, datt den nationalen Territoire a 621 Juegdparzellen agedeelt ginn ass. Dat mat de modifizéierte Grenzen, esou wéi se an den Observatiounen zréckbehale goufen. Dës Lousen hunn eng Fläch tëscht 300,5 an 668,4 Ha. De groussherzogleche Reglement war den 19. Juli dem Regierungsrot virgeluecht ginn an ass esou ugeholl ginn. Aktuell befënnt sech d‘Reglement an der reglementarescher Prozedur. Op emwelt.lu kann e sech d‘Kaarten ukucken.

Foto: Yama Zsuzsanna / Pixabay

Ugespéngelt: Juegdgesetz vum 25. Mee 2011Ass d‘Juegd nach zäitgeméiss?

Related topics ANF, Ëmweltministère, Jeeër, Juegd, Juegdparzellen
Next post Previous post