Search

You may also like

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin
Neiegkeeten

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin

De Christophe Édouard Dupin huet méi wéi eng Säit a

MeteoLux warnt virun héijen Temperaturen
Neiegkeeten

MeteoLux warnt virun héijen Temperaturen

Déi summerlech Temperaturen halen sech, a wat deem enge seng

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international
Neiegkeeten

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international

Wéi mer vun der Fondatioun Jonk Fuerscher matgedeelt krute, war

Jugend-Chômage: Et muss elo gehandelt ginn

Jugend-Chômage: Et muss elo gehandelt ginn

Datt déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, net deen eenzege Problem ass, mee ganz sécher och déi zougehéiereg Wirtschaftskris eis Gesellschaft wäert viru grouss a sécher och beschwéierlech Problemer stelle wäert, dat schéngt jo elo an all Menage ukomm ze sinn.

An dësem Kontext ass den OGBL dann och entspriechend alarméiert, an déi vun der Gewerkschaft festgestallten Erhéijung vum Chômage (am Abrëll +41%) betrëfft dann och virun allem Mënschen ënnert 30 Joer. All Ament ass mat den Zuele vum Mee ze rechnen, an déi dierfte kaum besser, bezunn op déi genannten Altersklass, ausfalen. En Challenge fir Gewerkschaften an d‘Gesellschaft.

Kee Wonner datt d‘Jugendsektioun vum OGBL dës Evolutioun mat grousser Opmierksamkeet verfollegt, a vun der Regierung konkret a virun allem direkt Moossname verlaangt, fir géint de Chômage vun de Jonke virzegoen. Si wëllen einfach net zouloossen, datt et zu enger „vergiesse Generatioun“ kënnt. Et ass awer richteg datt a Krisenzäiten déi Jonk oft en héije Präis bezuelen.

Zudeem ass et erwisen, datt grad an esou Zäiten, wéineg „Intermediaire Jobs“, jo net emol kleng Beschäftegungsofferen, ze fanne sinn. Am Interim, oder bei Zäitverträg, sinn et déi Jonk, déi als éischt fale gelooss ginn. Dat ass schlecht, besonnesch wou elo och vill Jonker de Schoulofschloss hannert sech wäerten hunn, an och hir Plaz um Aarbechtsmaart anhuele wëllen.

Fir deem ganzen ze begéinen an dat schlëmmst ze verhënneren, huet d‘Jugendsektioun vum OGBL eng Rei Revendicatiounen opgestallt:

  • eng Verstäerkung vun den Aktiounen a Verbindung mat der „Garantie fir d‘Jugend“ a Moyenen aus dem europäeschen a lëtzebuergesche Fonds, déi geduecht sinn Jonker an Aarbecht ze bréngen;
  • eng Reform vum Vertrag zur Aarbechtsinitiatioun (CIE), an dem zur Beschäftegungsënnerstëtzung (CAE), fir esou méi Plaz fir fest Aarbechtsverträg (CDI) ze schafen, déi méi Garantien a virun allem Perspektiven zouloossen. Nëmme Betriber déi jonke Mënschen ee festen Aarbechtsvertrag bidde sollen ënnerstëtzt ginn;
  • de Retablissement vun engem universelle Recht op d‘Chômageindemnitéiten, fir géint d‘Precaritéit vu jonken Demandeuren anzewierken. Haut sinn dës Entschiedegungen un den Alter, den Zäitraum vun der Aschreiwung en/oder un den Typ vun Diplom gebonnen;
  • d‘Schafe vu besonnesche Mesuren, fir déi jonk Chômeuren/Demandeuren, fir se a Beschäftegung ze halen, an hinnen esou d‘Méiglechkeet ze ginn, nei Kompetenzen ze entwéckelen.

Illustratioun: © Vance Osterhout / unsplash

Related topics Chômage, Fuerderungskatalog, Jonker, OGBL, Wirtschaftskris
Next post Previous post