Search

You may also like

Europa a Groussbritannien op der Sich nom Handelsofkommes
Neiegkeeten Sport

Europa a Groussbritannien op der Sich nom Handelsofkommes

D‘Scheedung ass vollzunn, de Brexit ass Geschicht… elo geet et

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen
Neiegkeeten Sport

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen

Dat huet den Dan Kersch (DP), Minister vum Ëffentlechen Déngscht an

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?
Neiegkeeten Sport

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?

Fir gréisser Komplikatiounen a Risiken ze verhënneren, ass Virsuerg an

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires

De 6. Oktober goufe viru ronn 200.000 Spectateuren déi drëtt Olympesch Jugendspiller zu Buenos Aires feierlech ugefangen.

Schonn den Dag duerno wousst d’Eva Daniëls, eng jonk Triathletin mat enger erausragender 4. Platz ze iwwerzeegen. 30 weider Sportlerinnen haten un dëser Disziplin deel geholl. De Réckstand vun der jonker Fra op d’Gewënnerin Amber Schlebusch (RSA) bedréit nëmmen 1 Minutt 04 Sekonnen.

Am Tennis Doppel huet d’Eléonora Molinaro an d’Francesca Curmi aus Malta an 3 Sätz géint d’Clara Burel an d’Diane Parry aus Frankräich verluer. Gëschter sinn dunn d’Schwëmmer Maria Perez-Garcia am 100 Meter Fräistil an de Bob Sauber am 200 Meter Fräistil un hierem éischte Wettkampf ugetrueden.

D’Eléonora Molinaro ass am Dammeneenzel op d’Iga Swiatek aus Polen getraff.

D’Olympesch Jugendspiller ginn op folgendem Site live iwwerdroen: www.olympicchannel.com

Alleguer d’Resultater fannt Dir HEI, Informatioune ginn et um Site: www.buenosaires2018.com

Related topics Bob Sauber, Buenos Aires, Eléonora Molinaro, Eva Daniëls, Olympesch Jugendspiller, Olympia, Team Lëtzebuerg
Next post Previous post