Search

You may also like

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!
Meenung WTF

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!

De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, de Ministère fir

Top 10 vun de beschte koreanesche Filmer zënter 2000
Meenung WTF

Top 10 vun de beschte koreanesche Filmer zënter 2000

Zënter dem Film „Parasite“ huet den asiatesche Kino d’Gléck, ee

Frankräich verstäerkt seng Kontrollen op de Fluchhäfen
Meenung WTF

Frankräich verstäerkt seng Kontrollen op de Fluchhäfen

Bei eise franséischen Noperen si bannent 24 Stonnen iwwer dausend

surprise

Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren

Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren

De Gemengewahlkampf leeft haut offiziell un. A wéi bei all Wahlkampf ginn et och des Kéier déi, déi fir di éischte Kéier wielen dierfe goen. Der Jugend gëtt nawell oft gären de Virworf gemaach, dech net sonnerlech fir Politik ze interesséieren. Ma wéi kann een Jugendlecher, an ënnert dem Stréch jiddereen, an engem Gemengewahlkampf uspriechen?

Et ass sécherlech un d’Themenauswahl gebonnen. An do hunn ech d’Gefill, datt sech iwwert déi läscht zéng Joer dann dach eppes gedoen huet. Et huet ee realiséiert, datt e sportlecht a kulturellt Ugebuert fir Kanner a Jugendlecher muss geschaf ginn, wat hinne gerecht gëtt. An och den Thema ëffentlechen Transport ass fir Jugendlecher a jonk Erwuessener wichteg. Dat ass wuel dee Volet, deen an dësem Gemengewahlkampf déi wuel gréisste Schnëttmeng ubitt an deen een och a bal all Gemeng thematiséiert gesäit.

Et ass och wichteg Jugendlecher an Éischtwieler duerch esou Themen unzeschwätzen, wäerten se jo duerno un all Wal deelhuelen. An nëmme Leit, déi sech usazweis fir Politik interesséieren, kënnen an der Wahlkabinn en informéierte Choix treffen. Mee och méi partizipativ Méiglechkeeten sollten a Betruecht gezu ginn, fir d’Politik-Middegkeet generell unzeschwätzen.

Do geet et net duer op de Referendum als Allheelmëttel ze setzen. Sécherlech kann et Sënn maachen, dësen ze notzen, mee et ginn och nach aner Méiglechkeeten. Dat fänkt schonn domadder un, datt ee Veranstaltung, op se elo e gemengepoliteschen oder informativen Zweck erfëllt, live iwwert den Internet iwwerdroe kann. Dat ass leider eppes, wat een nach vill ze wéineg gesäit.

Eng Gemengerotssetzung zum Beispill kéint ëffentlech a live iwwert den Internet iwwerdroe ginn. Gläiches gëllt och fir Kommissiounssëtzungen. Net nëmmen géifen dann d’Leit vun enger méi héijer Transparenz profitéieren, mee si kéinten sech och méi liicht mam politesche Geschéie vun hirer Gemeng beschäftegen.

Ech mengen, datt dëst en enorm wichtege Punkt ass, dee jiddereen erkenne sollt: Politik kascht Zäit. An d’Leit hunn es ëmmer manner, op jonk oder al. Dowéinst sollt een thematesch an organisatoresch de Leit sou vill wéi méiglech entgéint kommen.

Related topics Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg
Next post Previous post