Search

You may also like

money
Covid19-Impfstoffer: schlussendlech geet et awer ëm de Goss
Neiegkeeten

Covid19-Impfstoffer: schlussendlech geet et awer ëm de Goss

Wann et sécher méiglech gewiescht wier, datt sech d‘Pharmaindustrie am

geek
Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2
Neiegkeeten

Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2

Wie schonn ëmmer eng Kéier den italienesche Blechschléier mam markante

POST: Timberen zu Éieren vun de Lëtzebuerger Villercher
Neiegkeeten

POST: Timberen zu Éieren vun de Lëtzebuerger Villercher

An dëser aachter Edition vum Album „Dat ass Lëtzebuerg!“ éiert

Grouss Maniff virun der brittescher Ambassade

Lëtzebuerger Journalisteverband ALJP fuerdert d‘Fräiloossung vum Julien Assange

Grouss Maniff virun der brittescher Ambassade

De Lëtzebuerger Journalisteverband ALJP huet um fréie Samschdegmueren ugekënnegt, datt hir Membere geschlosse virun der Ambassade vu Groussbritannien manifestéiere wäerten. De Grond: E Méindeg de 4. Januar soll et zu London an der „Old Bailey Court“ zum Urteel kommen, mat deem sech d‘Britten hirem lästege Gaascht Julian Assange entleedege kënnen, an endlech der US-Justiz aushändege wäerten. Et ass déi éischt Maniff zanter der Grënnung vun der ALJP.

Mat dësem Protest, un deem sech Fotografen, Kameramänner, Journalisten, Redaktiounscheffen a wuel och Direktiounsvertrieder vun de groussen Haiser bedeelege sollen, gëtt dann och d‘Positioun vun der Lëtzebuerger „Friddens- a Solidaritéitsplattform“, wéi och déi vun den europäescher (EFJ) an internationaler (IFJ) Journalistefederatioun ënnerstëtzt. Dës Gruppementer/Federatioune sinn zanter Jore mobiliséiert, fir d‘Rechter vum Grënner vun der WikiLeaks-Plattform ze verdeedegen.

Op déi honnerte Vetrieder vun der Lëtzebuerger Press, mat der Ënnerstëtzung vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform – a méiglecherweis aneren Acteure vun der Zivilgesellschaft – sech Gehéier verschafe kënnen an ob méiglecherweis eng Entrevue mam britteschen Ambassadeur John Marshall gëtt, geet aus der Matdeelung vum Journalisteverband net ervir. Si weisen allerdéngs drop hinn, datt de Julian Assange gesondheetlech „ugeschloen“ ass, an eigentlech längst am Spidol misst sinn.

Eppes zum Hannergrond

2006 huet de Julian Assange mat anere d‘Enthüllungsplattform WikiLeaks an d‘Liewe geruff. Déi sollt et méiglech maachen, datt (geheim) Dokumenter, wéi am Fall vu Whistleblower wéi d‘Chelsea Manning an d‘Ëffentlechkeet kommen. 2010 goufen esou Ënnerlagen an eng Videoopnam aus dem US-Asaz vum Juli 2007 am Afghanistan verëffentlecht, unhand där däitlech e Krichsverbriechen ze erkennen ass. Bis haut goufen d‘Piloten aus dem Helikopter an hir Virgesaten net behellegt.

An dësem Kontext gëtt den Julian Assange an Amerika, eemol als Verréider, eemol als investigative Widderstandskämpfer presentéiert, dee mat journalistesche Methoden déi illegal Aktivitéite vun der Arméi an de Geheimdéngschter opdeckt. Arméi a Geheimdéngscht gesinn dat eppes differenzéiert a behaapten, datt d‘Publikatiounen op WikiLeaks Mënscheliewen a Gefor bréngt. Datt et do hëtzeg an deels irféierend Diskussioune gëtt, dat ass verständlech, firwat een dat alles muss mat Rou ugoen.

Richteg ass, datt den UN-Sonnerberichterstatter Nils Melzer de Julian Assange am Prisong besicht, an zum Ausdrock bruecht huet, datt den Inhaftéierten däitlech Unzeeche vu psychologescher Folter opweist. De Problem: och wann dës Diagnos richteg ass, léist sech d‘Folter duerch brittesch an/oder US-Geheimdéngschter net beweisen. Eng „neutral“ Enquête vu Medeziner ass hei auszeschléissen. Laut EU-Recht awer dierf den Assange ausgeliwwert gi wa weder Folter nach Doudesstrof dreeën.

Illustratioun: © IFJ

Related topics ALJP, Ambassade vu Groussbritannien, EFJ, Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, IFJ, Julian Assange, Pressefräiheet, WikiLeaks
Next post Previous post