Search

You may also like

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…
Neiegkeeten

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…

Säi Numm war e Mythos an eng Mark: Paul Bocuse,

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl
Neiegkeeten

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung

De schmuele Grat vun der Migratioun
Neiegkeeten

De schmuele Grat vun der Migratioun

Zanter Januar hunn eng 4.000 Migrante mat drolegen Embarcatiounen, d‘Iwwerfaart

Fräiheet fir de Julian Assange!

Fräiheet fir de Julian Assange!

Zu Lëtzebuerg ass den Julian Assange keng Perséinlechkeet an och WikiLeaks huet just ee klengen Hype am Land erlieft. Datt den Australier zanter 2010 op der US-Ofschosslëscht steet schéngt dann och net wierklech d‘Leit ze beonrouegen. Muer awer soll e Geriicht an England entscheeden, op de Julian Assange un d‘USA ausgeliwwert soll ginn oder och net…

Well awer net dat ganzt Land d‘Onrecht, deem de Julian Assange ausgesat ass, hinhëlt gouf et gëschter virun de brittescher Ambassade an der Stad ee Protestpiquet. Organiséiert gouf dëse vun der Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, mat der Ënnerstëtzung vum Chaos Computer Club, dem Landesverband, Diem25 an der Partei déi lénk. Och de Lëtzebuerger Journalisteverband ALJP hat seng Memberen opgeruff, sech dësem Protestpiquet unzeschléissen.

De Spriecher vun der Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform huet eng Iwwersiicht iwwert de Leidenswee vum Australier gebueden an däitlech gemaach, datt sollt den Assange un d‘USA ausgeliwwert ginn, dësen sech op 18 Uklopunkten astelle muss. Alles an allem dreet dem Grënner vu WikiLeaks eng Haftstrof vu bis zu 175 Joer. Mee net nëmmen den Julian Assange ass hei eng „Zilscheif“, am Viséier vun den US-Autoritéite steet och d‘Pressefräiheet.

Julian© Martine de Lagardère/moien.lu

Esou gesäit et och de Spriecher vum Chaos Computer Club (C3L), dee sengersäits nach emol op d‘Haftkonditiounen am Héichsécherheetsprisong vu Belmarsh, wéi och d‘Ausspionéiere vum Julian Assange an der ecuadorianescher Ambassade agaangen ass. Hien hält fest, datt et sech beim Geriichtstermin muer ëm ee politesche Prozess handelt an datt elo scho gewosst ass, datt egal wéi d‘Uerteel ausgeet, déi eng oder déi aner Partei wäert a Revisioun goen.

Déi um Protestpiquet bedeelegt Aktivisten – op der Plaz ware leider ausser dem Journalist vu Moien an dem Fotograf vun Editpress, keng Vertrieder vun der Press – hunn net wëlles d‘Hänn an de Schouss ze leeën a weider Aktiounen net ausgeschloss. Fir den Ament setzen si d‘Hoffnung op den zukünftegen US-President Joe Biden. Op dësen ee grousst Interessi um Assange huet ass elo net gewosst, d‘US-Justiz dogéint dierft den Dossier net wëlle fale loossen.

Foto: Et war net den erfollegräichsten Opruff vum Lëtzebuerger Journalisteverband. Net emol vum Virstand hat sech eng Mënscheséil blécke gelooss, fir déi am Communiqué betounte Solidaritéit och ënner Beweis ze stellen. Dat eleng erkläert awer net, firwat sech d‘Lëtzebuerger net fir d‘Kausa Assange interesséieren. Villméi ass de Schweige vun der Regierung dat hei seng Friichten dréit, mee déi wäert sech wuel net mat Washington uleeë wëllen… © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics C3L, déi lénk, Diem25, Julian Assange, Landesverband, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform
Next post Previous post