Search

You may also like

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!
International Neiegkeeten

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!

Gëschter hu sech am Parc Hôtel Alvisse zuelräich Leit getommelt,

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?
International Neiegkeeten

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?

Zanter dem Mëttelalter gëtt d’Zäit vun den Äishellegen traditionell op

Europäesch Investitiounsbank liquidéiert seng Crèche
International Neiegkeeten

Europäesch Investitiounsbank liquidéiert seng Crèche

D‘Gewerkschafte LCGB an OGBL hunn en Donneschdeg ee gemeinsame Protestpiquet

Julian Assange gëtt virleefeg net ausgeliwwert

Londoner Geriicht weist US-Demande op Ausliwwerung zeréck a begrënnt d‘Urteel mat den Haftkonditiounen, déi den Australier an den USA erwaarde géifen – d‘USA ginn an d‘Revisioun

Julian Assange gëtt virleefeg net ausgeliwwert

D‘Riichterin déi zu London iwwert eng méiglech Ausliwwerung vum WikiLeaks-Grënner Julian Assange un d‘Amerikaner ze befannen hat, huet sech géint de Wonsch vun den USA gestallt an d‘Ausliwwerung zeréckgewisen. Fir si gëllt et als erwisen, datt de Beklote vun den USA zu 175 Joer Haftstrof, dat an Isolatioun, géif veruerteelt ginn, wat dem 49 järegen säin Dout géif bedeiten.

Offiziell werfen d‘USA dem Julian Assange fir, geheimt Material (dat Krichsverbrieche kloer an däitlech dokumentéiert huet) vun US-Militärasätz am Afghanistan an am Irak verëffentlecht ze hunn, wouduerch „amerikanesch Bierger“ a Liewensgefor bruecht a Staatsgeheimnisser ëffentlech gemaach goufen. An dat si Saache bei deenen d‘Amerikaner zuweile ganz sensibel reagéieren.

Et ass jo net vun ongeféier, datt Washington den internationale Geriichtshaff zu Den Haag net unerkennt, an esouguer géint Riichter oder héich Beamte vun dësem Geriicht Sanktiounen ausgeschwat huet. Scho wien et wot eng Plainte bei dësem Geriichtshaff géint d‘USA anzebréngen, muss sech op zolidd Konsequenze säitens den Amerikaner astellen. An si sinn extrem nodroend

Washington profitéiert dann och nach wäitgoend vun der brittescher Ënnerwërfegkeet vun den allermeeschte „Partner“, esou och de Britten. Déi hu mat vill sadistescher Energie a besonneschem Gehorsam, den Amerikaner all Befugnisser zougestanen, déi dës gefuerdert hunn. Och Ecuador, dat Land dat dem Julian Assange an senger Ambassade „Asyl“ ugebueden hat, huet falsch gespillt.

Beim pissen iwwert d‘Schëller gekuckt

Den Ecuador huet den Amerikaner eng méi wéi 100% Iwwerwaachung vum Julian Assange net nëmmen erméiglecht, mee natierlech och an alle Beräicher ënnerstëtzt, deels wuel och selwer ganz wéi gefuerdert matgeschafft. Nodeems déi brittesch Police den Assange dann an der Ambassade verhaft hunn (op Uerder vu Washington) ass dësen an en Héichsécherheetsprisong verfracht ginn.

Zu Belmarsh, esou de Numm vun dësem britteschen Héichsécherheetsprisong, hunn d‘Wäerter 18 Méint laang, aus eegene Stécker oder op Ufro vun den USA, den Julian Assange psychesch un de Rand vum Wahnsinn gedriwwen. Esou eng Folter léisst sech net beweisen, an och d‘Tatsaach, datt den UN-Sonnerberichterstatter Nils Melzer, d‘Haftkonditiounen als Folter beschreift, geet net duer.

Wann elo de Julian Assange mat dësem Urteel virleefeg virun der Ausliwwerung geschützt ass, esou ass gewosst, datt d‘USA dat net hinhuelen an a Revisioun ginn. No der nächster Instanz wier et dann um ieweschte Geriichtshaff a Groussbritannien ze entscheeden a schlussendlech wäert dann alles zu Stroossbuerg virum (nach vun den USA unerkannte) Mënscherechtsgeriichtshaff landen.

Ee Samschdeg hat et an der Stad virun der brittescher Ambassade nach ee Protestpiquet ginn, dee vun der Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, zesumme mat aneren Acteuren aus Politik an Zivilgesellschaft organiséiert gouf. Och de Journalisteverband hat seng „Solidaritéit“ an engem Communiqué erkläert, um „Piquet“ huet leider keen eenzege Member vun der ALJP deelgeholl.

mat indymedia/lon

Related topics Ausliwwerung, Belmarsh, Julian Assange, Urteel, WikiLeaks
Next post Previous post