Search

You may also like

Galerie: E Stroummast gëtt erneiert
International Neiegkeeten

Galerie: E Stroummast gëtt erneiert

Wat fir deen een näischt Besonnesches ass, ka fir deen

Europäesch Deeg vum Patrimoine 2019
International Neiegkeeten

Europäesch Deeg vum Patrimoine 2019

Vergaangene Freideg huet d’Kulturministesch Sam Tanson bei der Aféierung zu

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)

Et war eigentlech vu virera kloer, dat d‘Reprise vum Grupp

WikiLeaksgrënner Assange bleift an Haft

WikiLeaksgrënner Assange bleift an Haft

Nodeems ee Méindeg d’Distriktriichterin Vanessa Baraitser an hirem Urteel d‘Ausliwwerung vum WikiLeaksgrënner Julian Assange verwisen huet, sollt et um haiteg Mëttwoch zu Entscheedung kommen, op den 49 järegen Australier op Kautioun sollt fräigelooss ginn. Dat ass net de Fall an Ofgeschloss ass d‘Verfaren domadder och net.

Wou ee bei sech bei der hei genannter Riichterin elo eppes muss Gedanke maachen, berout op der Tatsaach, datt si eng Ausliwwerung un d‘USA refuséiert huet, well dem Julian Assange säi Gesondheetszoustand an héchstem Mooss beonrouegend wier. De Gefaangenen hei an ee Spidol ze iwwerweisen, wier jo dann awer schonn ubruecht gewiescht. Och dat ass hei net de Fall…

Dofir huet sech d‘Riichterin Vanessa Baraitser an hirer Argumentatioun beméit, den Amerikaner ze signaliséieren op wéi eng Säit déi brittesch Justiz steet. Si huet tatsächlech behaapt, datt de Julian Assange am Héichsécherheetsprisong vu Belmarsh gutt behandelt kéint ginn (uecht gedoen hei Läit d‘Betounung wierklech op „kéint“) an zudeem ganz kloer „Fluchtgefor“ säitens dem Assange dreet.

Och géint dëst Urteel gëtt Revisioun ageluecht, dës Kéier dann awer nees vun der Defense. Firwat déi brittesch Riichterin esou entscheet huet, wäert e wuel nëmmen da gewuer ginn, wann nees „geheim Dokumenter geleakt“ ginn, amuséiert sech en Observateur vun dëser Verhandlung. Dobäi geet et hei näischt ze laachen an déi ganz Affär ass och alles wéi just net lëschteg.

Méi optimistesch Téin gëtt et dofir säitens der ONG Reporter ouni Grenzen (RSF). Si gesinn net wou déi amerikanesch Justiz nach sollt usetze kënnen a bewäert d‘Chance fir d‘Revisioun vun den USA als „kleng“. D‘Vertriederin vu RSF zu London, Rebecca Vincent, huet d‘Hoffnung zum Ausdrock bruecht, datt mam Mandatsuntrëtt vum Joe Biden, déi ganz Saach zum Ofschloss kënnt.

Och den UN-Sonnerberichterstatter huet sech zu Wuert gemellt a nees virun engem Prezedenzfall gewarnt. Den Nils Melzer huet kloer an däitlech ze verstoe ginn, datt d‘Urteel vun ee Méindeg net dat beschten ass, an datt hei een un de Fiedem gezunn huet. „Elo geet et nach just drëms ze klären, op den Assange fit genuch ass, fir d‘Haftkonditiounen an den USA ze erdroen“, esou deMelzer.

Illustratioun: 3DAnimation / Pixabay

Related topics Belmarsh, Distriktriichterin, Julian Assange, Vanessa Baraitser, WikiLeaks
Next post Previous post