Search

You may also like

Sécher Rentrée 2021
International Neiegkeeten

Sécher Rentrée 2021

Vun där aner Woch un, wäert d‘Police nees ee besonnescht

Schwéiert Schëffsongléck am Mëttelmier viru Libyen
International Neiegkeeten

Schwéiert Schëffsongléck am Mëttelmier viru Libyen

SOS MEDITERRANEE (eng Séinoutrettungsorganisatioun) gouf gëschter, den 22. Abrëll 2021 Zeie

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde
International Neiegkeeten

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde

Am Lycée Ermesinde zu Miersch hu sech Schüler vun der

De Julian Assange wiert sech géint seng Ausliwwerung

De Julian Assange wiert sech géint seng Ausliwwerung

Virun engem Londoner Geriicht huet sech de Grënner vu Wikileaks op en Neits géint seng Ausliwwerung un d‘USA gewiert. D‘US-Justiz werft dem 49 järege vir, der Whistleblowerin Chelsea Manning gehollef ze hunn, geheimt Material vun US-Militärasätz am Irak an dem Afghanistan ze verëffentlechen. Washington wëll de Julian Assange fir 175 Joer aspären.

Wéi den Assange um Méindeg dem Geriicht iwwerstallt ginn ass, hunn iwwer 100 Demonstranten him hir Solidaritéit erkläert. Géintiwwer de Kollege vu Sky News, sot dem Julian säi Papp, datt et sengem Bouf ent gutt géif goen, datt säin Zoustand schlecht wier. De Julian Assange sëtzt zanter iwwert engem Joer am Londoner Héichsécherheetsprisong Belmarsh. An dat mat guddem Grond.

Déi brittesch Regierung – déi zur Zäit mat den USA eng Handelsofkommes diskutéiert – ass sech fir näischt ze schued, an wëll dem „Partner“ weisen, datt Handel méi wichteg ass wéi Recht. An Awer huet dem Julian Assange seng Liewensgefäertin Stella Moris – mat där hien zwee Kanner huet – der brittescher Regierung e Méindeg eng Online-Petitioun vun der ONG Reporter Ouni Grenzen (RSF) mat ronn 80.000 Ënnerschrëften iwwerreecht, an där d‘Fräiloossung vum Ugeklote gefuerdert gëtt.

Massiv Kritik gouf et och dorunner, datt en etlech Observateure – dorënner Parlamentarier wéi och Vetrieder vun ONGen – kuerzfirsteg d‘Akkreditéierung fir d‘Online-Iwwerdroung vun der Unhéierung entzu gouf. Op der Plaz am Sall, hunn nëmme ganz wéineg Observateuren dierfe mat derbäi sinn. Begrënnt gouf dat mam Covid19. Tatsächlech geet et ëm héijer international Politik.

De Premierminister Boris Johnson héchstperséinlech wëll dësem schwierege „Gaascht“ méiglechst ouni grousst Gedauschs lassginn, an dem Donald Trump esou indirekt eppes Hëllef an engem dach zimmlech raue Wahlkampf leeschten. Datt d‘Inhaftéierung vum Assange am Kontext vun engem Ausliwwerungsverfaren onverhältnesméisseg ass, ënnersträicht de politesche Charakter vum Prozess.

mat indymedia/lon

Foto: © YellowRibbons4Assange

Related topics Ausliwwerung, Belmarsh, Chelsea Manning, Héichséchheetsprisong, Julian Assange, London, politesche Prozess, Whistleblower, WikiLeaks
Next post Previous post