Search

You may also like

Doping beim Semi-Marathon Route du Vin 2019
Neiegkeeten

Doping beim Semi-Marathon Route du Vin 2019

Gëschter virun engem Joer huet d’Lëtzebuerger Antidoping-Agence (ALAD) eng Urinprouf

Brasilien: Bandekrich am Prisong
Neiegkeeten

Brasilien: Bandekrich am Prisong

Zum Gewaltausbroch am Prisong vun Altamira (Bundesstaat Pará) wier et

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof
Neiegkeeten

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof

Zwee Joer nom Mord um saudesche Regimmkritiker Jamal Khashoggi sinn

Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident: Zäit fir den Ofschid

Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident: Zäit fir den Ofschid

Griicheland, Migratioun a Brexit… Un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun zanter 2014, hält eise „Jott-zé-Jott“ um haidege Mëttwoch seng lescht Ried zur Lag vun der Unioun. No den EU-Wahlen 2019 ass säi Mandat um Enn, an de Jean-Claude Juncker, kann zefridden zréckblécken.

Hien huet déi multipel Krise gutt iwwerstanen, hat den Dréi fonnt, esouwuel de Kompromëss ze konsuméieren, wéi och mat der Rou vum „alen Hues“ d‘Truppen zesummenzehalen. Dat ass et awer och, wat him seng Géigner virwerfen. Dem Juncker seng pragmatesch Aart a Weis mat Problemer ëmzegoen, hunn si als d‘Inkarnatioun vun der Schwächt gesinn, déi d‘EU kennzeechent.

Et ass wuel richteg, datt sech hannert der Guttmiddegkeet an der Jovialitéit vun eisem fréiere Premier, eng komplex, heiansdo wonnerlech, jo esouguer kontroverséiert Persoun verstoppt. Hien huet sech a senger laanger politescher Carrière dann och net nëmme Frënn gemaach…

Alles huet en Ufank

Den 9. Dezember 1954 huet de Jean-Claude Juncker d‘Liicht vun der Welt erbléckt. Eng Welt déi sech nach net ganz vum 2. Weltkrich erholl hat. Hien hat sech scho fréi mat der „europäescher Fro“ beschäftegt, an huet sech a legitimmen Ierwe vun de Grënnungspappe gesinn. Dat och nach dann, wéi hien huet misse „Waasser a säi federalistesche Wäi schëdden“.

Him géinteniwwer stinn déi sougenannten „Staats-Natiounen“ an „d‘Euroskeptiker“. Länner déi wuel vun der EU profitéieren, awer vun de „Wäerter“ a vu „Solidaritéit“ séier wéineg halen. Dem „JCJ“ säi Kredo: „Europa ka Grousses leeschten, wann et versteet säi Kräften ze bündelen“.

An dovunner versteet de Jean-Claude Juncker wierklech eppes. Vergiesse mir dofir net, datt eist Land datte klengste Grënnungsmember vun der EU ass. Dann och nach matten op der Kräizung tëscht Ost a West, Nord a Süd, geleeën ass. Et ass him ëmmer gelongen, datt déi „Grouss“ deene „Klengen“ keng Virschrëfte maache konnten. E Punkt deen eis och sollt ze denke ginn…

De „Jott-zé-Jott“ war eise Premierminister vun 1995 bis 2013, huet a senger Carrière all europäesch Staatscheffe gesinn, an dobäi „den europäesche Gedanken“ ni aus den Ae verluer. Den däitsche CDU-Politiker a laangjärege Bundeskanzler Helmut Kohl, huet hien als Frënd a Mentor geschätzt.

E politesche „Reebou“

Wann de Jean-Claude Juncker erwisenermoossen zur politesch „chrëschtlech-sozialer“ Famill gehéiert, esou dierf, jo muss een hei awer betounen, datt de Minettsdapp éischter e politesche Reebou ass. De Daniel Cohn-Bendit: „Als Stolaarbechterkand, ass de Jean-Claude Juncker dee sozialisteschste Chrëschtdemokrat deen et op dëser Welt gëtt“.

Zu Lëtzebuerg ass him och emol den Attribut „Häerz-Jesus-Kommunist“ zougesprach ginn. Wat him dann och éischter e Laachen ofgeknäppt huet, wéi datt hie sech iwwert esou eng Ausso geiergert hätt. Wat net wëll heeschen datt et beim net och emol „Schnëssstécker“ konnt ginn.

Mee de Jean-Claude Juncker hat e gutt Gefill fir Verhandlungen an dat politescht Gläichgewiicht. Hien huet iwwer laang Strecken ewech ëmmer mat de Sozialisten an der Koalitioun regéiert, wat him als Verhandlungsgeschéck dierf zougeschriwwe ginn. Et ass him esouguer, an dat hat der e puer iwwerrascht, gelongen dem Trump eng „Kampfpaus“ am Handelskrich ofzeréngen.

Kee Bouf vun Trauregkeet

Den Däiwel an der Panz mam „Look“ vun engem Bürokrat, esou kann een de Jean-Claude Juncker zimlech treffend beschreiwen. Hie war berüchtegt fir säin ënnerschwellegen Humor, ëmmer „riicht eraus“, huet wou et ubruecht war „zougestach“, hat awer och ëmmer e „gutt Wuert“ am Gepäck.

Seng Gedanken hunn sech dann och ëmmer ëm Lëtzebuerg an Europa gedréint. En Europa dat him Suerge bereet huet, och oder grad wëll ofzegesinn ass, dat d‘Europäer um Enn vun dësem Joerhonnert, nach beschtefalls 4% vun der Weltbevëlkerung wäerten ausmaachen. Hien ass och bekannt fir seng traureg Momenter, seng Zweiwel, seng däischter Prophezeiungen a Wutausbréch.

Et muss ee soen, datt wéi hie säi Mandat den 1. November 2014, zu Bréissel iwwerholl huet, et seng Ambitioun war, d‘Vertraue vun der ëffentlecher Meenung an de „Projet Europa“ nees opzebauen. Dat Zil wollt de Jean-Claude Juncker mat enger resolut politescher EU-Kommissioun.

A grad hei sinn et d‘Briten déi him e fatzege Stréch duerch Rechnung gemaach hunn. Um Enn vu sengem Mandat steet: „BREXIT“. Net seng éischt Erausfuerderung oder Néierlag – jee nodeems wéi ee Brëll een ophuet. Hien huet den déiwe Wandel vun der Unioun materlieft. D‘Scheitere vum EU-Verfassungsvertrag 2005, an d‘Akraafttriede vum Lissabon-Traité véier Joer méi spéit.

E puer Flecken um „wäissen Hiem“

Als Chef vum Eurogrupp (2005-2013) huet hien un der Gebuert vun der Eenheetswährung matgewierkt, war en aktiven Acteur an der Scholdekris an der Rettung vum Euro. Virzewerfen ass him allerdéngs, d‘Iwwergab vun der EU-Zentralbank, un en Employé vu Goldman-Sachs.

Trotzdeem gëtt et der vill déi hie gären hunn. De Xavier Bettel: „Et ass de richtege Mann op der richteger Plaz. Et kennt een de Jean-Claude, et ass eng Persoun mat Emotiounen, deen d‘Saache seet wéi se sinn a staark perséinlech Relatiounen huet. Et ee ganze Mënsch, keen deen nëmmen d‘Hallschent vun deem seet wat ze soen ass“.

Natierlech gëtt et och déi, wou eise Jott-zé-Jott net leide kënnen. Esou déi gréng Europadeputéiert Eva Joly – déi ekologesch Äntwert op d‘Viviane Reding – déi dem Jean-Claude Juncker ëmmer erëm wollt den „Dicks béien“ an hien als Wollef am Schofsstall bezeechent huet.

Et muss een dann och déi sëlleche Virwërf zréckkommen, déi him gemaach goufen (LuxLeaks) well hie multinationale Konzerner zolidd Steierkaddoe gemaach huet. Hie kritt virgeworf ze vill ze fëmmen, an engem schlechte gesondheetlechen Zoustand ze sinn, an gutt „Duuscht“ ze hunn. Vu sech selwer seet de JCJ, nodroend ze sinn, a wien am „Petit Maurice“ steet gëtt och net vergiess.

mam Philippe Agret/AFP

Foto: De Jean-Claude Juncker bereet sech op den Ofschid vir. Säi Mandat als EU-Kommissiounspresident geet op Enn, no den Europawahlen 2019, schléit hien en neit Kapitel op. © Nicholas Kamm/AFP

Related topics EU-Kommissiounspresident, Eurogrupp, Jean-Claude Juncker, LuxLeaks, Ofschid
Next post Previous post