Search

You may also like

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober
Neiegkeeten

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober

Mir si bei der 8. Verhandlungsronn vum Post-Brexit-Ofkommes ukomm an

Pompeo setzt Kuba nees op Terrorlëscht
Neiegkeeten

Pompeo setzt Kuba nees op Terrorlëscht

Den US-Ausseministère deelt mat: „Kuba ass nees op der schwaarzer

FLEAA: D’Potential vu (Rees)Bussen gëtt konsequent ignoréiert
Neiegkeeten

FLEAA: D’Potential vu (Rees)Bussen gëtt konsequent ignoréiert

Enttäuscht iwwert de verzerrte Rapport 2020 vun der Europäescher Ëmweltagence

ULC: De juristeschen Dissens mat Alibaba/AliExpress wäit sech aus

ULC: De juristeschen Dissens mat Alibaba/AliExpress wäit sech aus

Am Januar hat d‘ULC (Konsumenteschutz) géint déi siwen europäesch Internet-Handelsplattforme vum chineseschen Alibaba-Grupp (z.Bsp. fr.aliexpress.com oder de.aliexpress.com), op deenen och Lëtzebuerger Konsumente Bestellunge kënnen opginn, eng Klo agereecht.

De Grond fir dës juristesch Aktioun: obwuel d‘Entreprise, respektiv de Grupp, säi Sëtz ausserhalb der EU huet, cibléieren dës Internetplattformen europäesch Konsumenten a sinn esou och verflicht sech un EU-Recht ze halen. Dozou gehéiert: d‘Bereetstellung vu kloren an eendeitegen Informatiounen zur Widderuffsfrist, der gesetzlecher Garantie vun 2 Joer, oder d‘Recht an Europa Rechtsmëttel anzeleeën amplaz sech mussen zu Hong Kong un e Schiidsgeriicht ze wennen.

Mat der Ënnerstëtzung vun der neier Verbraucherschutzministesch Paulette Lenert (LSAP) ass am Mäerz déi europäesch Kommissioun, mat der Virbereedung vun engem koordinéierte Virgank vun den nationalen Autoritéite beoptraagt ginn. Esou soll séchergestallt ginn, datt EU-Recht Virrang genéisst. D‘Moossname sinn ëmsou drénglecher, wéi AliExpress an Europa zolidd Maartundeeler fir sech beusproche kann, an elo och net-chinesesch Händler hir Produiten hei ubidde kënnen.

De Fair-play respektéieren

De Grupp Alibaba, e seriéise Konkurrent vum Jeff Bezos sengem Amazon, huet en natierlechen Interessi un Europa, mee schéngt nach net wierklech mam europäesche Recht eens ze ginn. Déi ugebuede Konditioune sollte jidderengem d‘Suergefalen op d‘Stir dreiwen, mee well ee jo ni dat kléngt gedréckte Liest (eigentlech liest ee guer näischt ausser eventuell d‘Produktbeschreiwung) kann sech déi chinesesch Entreprise an d‘Fauscht laachen. Deem soll elo entgéint gewierkt ginn.

Eis ULC gëtt an hirer Aktioun vum europäesche Verbraucherverband (BEUC) an aneren nationale Verbraucherorganisatiounen ënnerstëtzt, déi hir zoustänneg Autoritéiten opfuerdere bei der nächster Sëtzung vum Netzwierk fir Zesummenaarbecht am Verbraucherschutz (6. Juni) entschloss géint de Grupp virzegoen. De chineseschen Ubidder Alibaba/AliExpress soll verflicht ginn d‘Duerstellung an d‘Konditiounen op den Internetsäiten entspriechend ze korrigéieren a sech un d‘Recht ze halen.

Randnotiz

Dës Informatioun hate mir vun der ULC schonn de 17. Mee erhalen a mir wollte vun Alibaba wëssen ob hinnen déi „Klo“ bekannt ass, an ob et do schonn e Moossnamepak gëtt, mat deem déi inkriminéiert e-Handelsplattformen aktualiséiert ginn, oder een sech hei wëll op e Rechtssträit mat Europa virbereet. Eis wier et schonn duergaange wa se iwwerhaapt geäntwert hätten, mee dat war net de Fall. Wa se mam Client och esou „kommunikativ“ sinn, sollt dësen d‘Fanger dovu loossen.

Related topics BEUC, Konsumenteschutz, Paulette Lenert, ULC, Verbraucherschutzministère
Next post Previous post