Search

You may also like

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid
Fail Meenung Neiegkeeten

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid

Virun enger Woch war den Investmentbanker a presuméierte Sexualstrooftäter Jeffrey

Ëffentlechen Transport: Gëtt elo alles besser?
Fail Meenung Neiegkeeten

Ëffentlechen Transport: Gëtt elo alles besser?

Um Méindeg huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch op

Vereedegung vum Ana Correia da Veiga (déi Lénk)
Fail Meenung Neiegkeeten

Vereedegung vum Ana Correia da Veiga (déi Lénk)

Gëschter huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg d’Ana

dislike

Editorial: Just gebillt oder huet et politesch Absichten?

Editorial: Just gebillt oder huet et politesch Absichten?

D‘Häre Bauler an Hirsch hunn sech um Donneschdeg mat engem oppene Bréif, dee vum staatleche Mediepartner Bertelsmann/RTL/CLT-UFA verëffentlecht ginn ass, fierchterlech iwwert d‘Lag um Wunnengsmaart an der Situatioun a punkto Verfassung geiergert. D‘Auteuren, déi de Medien aus der Affär „Nationalbibliothéik / Joanne Goebbels“ nach gutt an Erënnerung sinn, outen sech an dësem Schreiwes als déi lescht Ritter vun der sozialer, politescher a wirtschaftlecher Gerechtegkeet.

Dat d‘Regierung – an hei evidenterweis net nëmmen déi aktuell – a punkto Logement net nëmme katastrophal versot, mee unhand Gesetzer a Steierrecht, déi eenzeg enger privilegiéierter Clientèle zerguttst komm sinn, d‘Logementskris erausgefuerdert hunn, ass net méi vun der Hand ze weisen. An den Affekot Jean-Marie Bauler schéngt och nach saierlech ze sinn, datt déi sengersäits der Politik zougespillten Iddien net vun der Regierung legislativ iwwerholl, ëm- an duerchgesat goufen.

Ganz oppen an ouni Bandage gëtt der Regierung ënnerstallt, duerch Ënnerloossen déi Aarm aus dem Land ze verdreiwen, an hinnen iwwert dësem Ëmwee net nëmmen d‘Walrecht ze stielen, mee esou och géint d‘Verfassung ze verstoussen. Déi zwee, vun deenen et een huet, deen zolidd motivéiert ass seng Revanche ze huelen, an deen aneren éischter politesch Ziler verfollegt, wëllen also net méi, datt d‘Regierung an d‘Chamber d‘Interesse vun der räicher Minoritéit verdeedegen.

An dësem Kontext, a well et zu dësem oppene Bréif vill gläichgeschalt Commentaire ginn huet, ass nach drun ze erënneren, datt den Affekot Jean-Marie Bauler 2015 vun der CSV fir de Staatsrot an d‘Renne geschéckt ginn ass. 2023 sinn nees Chamberwalen, a wier weess… Jiddefalls sinn esou Bréiwer net als Momentopnam geduecht, hei gëtt ganz kloer ee politescht Zil verfollegt. Interessant an dësem Kontext, dat sech lénken Themen ugeholl gëtt fir eng populistesch Politik ze fërderen.

Illustratioun: © Karsten Winegeart / unsplash

Related topics CSV, Jean-Marie Bauler, Logement, Oppene Bréif, Politik, Populismus, Thierry Hirsch, Verfassungsrecht
Next post Previous post