Search

You may also like

money
De politesche „Finanzfeminismus“
Business Meenung Neiegkeeten

De politesche „Finanzfeminismus“

Geet en nom Wëlle vum Ursula von der Leyen, soll

Kommunikatioun mat Mondschutz – bal wéi een Hond ouni Schwanz
Business Meenung Neiegkeeten

Kommunikatioun mat Mondschutz – bal wéi een Hond ouni Schwanz

Säit dem 20. Abrëll 2020 muss een zu Lëtzebuerg eng

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)
Business Meenung Neiegkeeten

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)

Dat héieren se an de Belsch net gären (vun do

Editorial: Just gutt gemengt oder stécht méi derhannert?

Editorial: Just gutt gemengt oder stécht méi derhannert?

Am Kontext vun der pandemescher Lag am Land, deet sech lues awer sécher eppes, well d‘Rentrée ass imminent an et muss nees de Leit an d‘Gewësse geriet ginn. Et geet drëms d‘Mënschen, ouni ze zu eppes ze forcéieren, esou a Bedrängnes ze bréngen oder d‘Liewen deraart schwéier ze maachen, datt si guer net anescht wäerte kënne weidermaachen, wéi sech – och entgéint de eegener Meenung – awer impfen ze loossen. A jo, sech impfe loossen ass, bezunn op d‘Infektioun scho wichteg.

Elo huet awer déi ganz Impfcampagne – un där sech déi traditionell Lëtzebuerger Medie géint Geld bedeelegen – vun Ufank zolidd gehippt. Et huet méi widderspréchlech Aussoen, wéi verständlech a vun allen novollzéibar Informatiounen, Reegelen a Gesetzer. Mask undoen, Mask ausdoen… alles eng Fro vum Impfstatut? Eigentlech net, well – an dat soen d‘Politiker, soi-disant Experten an de Kolléisch vun der Medezin – de Vaccin net virun der Infektioun schütze kann. Ass eben esou…

Dofir kann de geimpften, getesten an/oder geneesene Mënsch beispillsweis ouni Mask am Beräich „Gastronomie“ vum Event „Fun um Glacis“ ronderëmlafen, net awer déi geimpft, getest an/oder geneese Mataarbechter. Dat ass liicht verständlech a firwat dat esou entscheet gouf, kann ee jo liicht novollzéien, well och mam 3G, ass een e potentielle „Träger“ a wéi gesot, och mam 3G ass een net virun enger Infektioun geschützt, just de Krankheetsverlaf soll wesentlech méi erdréiglech sinn.

Haut de Moie war den Dr. Gaston Schütz, senges Zeechen Direkter vum Rehazenter, den Invité vu Bertelsmann/RTL, fir eppes zum „laange Covid19“ ze soen. Hien huet erkläert datt et hei bis zu 200 Symptomer huet, a mir zu Lëtzebuerg 131 Patiente mat dëser Diagnos beluecht hunn. 44 wieren an engem Traitement, woubäi et natierlech nach keng “richteg“ Therapie huet, et weess een einfach nach net genuch. Et heescht, datt „déi grouss Majoritéit“ vun de laange Covid19-Fäll net geimpft waren.

Mëttlerweil dierft all Medezinner mat eppes Geltungsbedarf op der Antenn vum Privatsender am Staatsoptrag passéiert sinn, et riskéiert een also zukünfteg méi bekannt Gesiichter/Stëmmen ze gesinn/héieren. An nieft den, vun der Politik zur Beaflossung animéiert Medezinner a Medien huet sech elo och eppes an der Wirtschaftswelt gedoen. Betriber erzwéngen ëmmer ëfters d‘Impfung vun hire Mataarbechter, andeems deels déi scho genannten „Onverständlechkeet“ nach gesteigert gëtt.

Den ongeimpfte Mataarbechter ee reegelméissegen Test opzëerleeë mécht absolut Sënn, woubäi wéi gesot och ee geimpfte ka „positiv“ sinn. Et sollen awer just déi geimpfte vun der Maskeflicht op der Schaff entbonne ginn. Dat ass u sech de Feeler, zumindest wann et stëmmt, datt een och mat der voller Impfdosis kann Träger sinn an/oder kann infizéiert ginn. Streng geholl misst een, ausser si erzielen eis Ligen, all Vaccinéierten testen. Den Impfpass/CovidCheck ass eng falsch Sécherheet…

Illustratioun: © Ralph (Ravi) Kayden / unsplash

Related topics Covid19, Impfcampagne, Impfschutz, Laange Covid19, Medien, Pharmaindustrie, Propaganda, Zwang
Next post Previous post