Search

You may also like

Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert
International Neiegkeeten

Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert

Mam Begriefnes vum thailännesche Kinnek, ass um Donneschdeg dat vun

Israel kritt eng Regierung ouni Netanyahu
International Neiegkeeten

Israel kritt eng Regierung ouni Netanyahu

Et war nees op den allerleschte Stëppel, dat si sech

De Projet „mateneen fir eng modern Gemeng“ geet a seng zweet Ronn!
International Neiegkeeten

De Projet „mateneen fir eng modern Gemeng“ geet a seng zweet Ronn!

Mat Hëllef vum participative Prozess „mateneen fir eng modern Gemeng“

D’Justiz verbitt dem Trump seng „Géigner“ op Twitter ze blockéieren

D’Justiz verbitt dem Trump seng „Géigner“ op Twitter ze blockéieren

Um Mëttwoch ass den Donald Trump vun der US-Justiz „enttäuscht“ ginn. Eng federal Riichterin huet him matgedeelt, datt hien seng Géigner net op Twitter, säi beléiftste Kommunikatiounsmëttel, blockéieren dierf.

An d’Entscheedung vun der New Yorker Riichterin Naomi Reice Buchwald war opgefall, well ee scho konnt mengen, datt sech de Milliardär dëst Sozialnetzwierk ugëeegent hätt. Twitter, dat Instrument dat den US-President als seng eenzeg Waff géint eng „pseudo-Koalitioun“ vu Medien gesäit, déi sech alleguerte géint hie verschwuer hätten.

Elo ass et awer esou, datt d’Justiz et als en Exercice vun der fräier Meenungsäusserung ugesäit, op déi (vill) Presidententweets ze „reagéieren“. An d’Meenungsfräiheet ass duerch den éischten Amendement vun der Verfassung geschützt, verséchert d’Riichterin an hirem Uerteel.

„LOL“

An aner Wieder: den Donald Trump huet laut der Riichterin net d’Recht ze verhënneren, datt déi Leit, déi him kritesch géinteniwwer stinn, sech kënnen op sengem perséinlechen Twitter-Account (@realDonaldTrump) umellen. Zur Informatioun, den Trump huet ronn 52 Milliounen „Follower“.

„An dëser Affär, verlaangt ee vun der Justiz ze evaluéieren, am Kontext vum éischten Amendement, op e Regierungsmember eng Persoun op sengem Twitter-Account blockéiere kann. Dat als Reaktioun op eng politesch Meenung, déi vun dëser Persoun ausgedréckt gëtt. Parallel gëtt gefrot, op dës Analys ‘ofwäicht’ well de Verantwortlechen de President vun den USA ass. D’Äntwert op béid Froen ass Nee“, esou d’Entscheedung vun der Riichterin Naomi Reice Buchwald.

D’AFP huet beim US-Justizministère nogefrot, deenen hir Affekoten (oft) d’Verdeedegung vum US-President iwwerhuelen. Vun do heescht et, datt een d’Decisioun vun der Riichterin „mat allem néidege Respekt mëssbëllegt“.

Meenungsfräiheet

Dat et zu enger Geriichtsverhandlung komm ass, ass dem „Knight Institute“ geschëlt. Dës Organisatioun hat eng Plainte am Numm vu siwe „blockéierte“ Persounen agereecht. De Knight Institute ass eng Organisatioun déi d’Meenungsfräiheet verdeedegt an vun der Universitéit vu Columbia ofhängeg ass.

Ënnert de Persounen déi den Donald Trump partout net wollt op sengem Twitter-Account gesinn, e New Yorker Komödiant, e Soziologieprofesser aus dem Maryland, en texanesche Polizist an eng Sängerin vu Seattle. Duerch d’Blockéiren, war et dëse Leit net méi méiglech déi alldeeglech Tweets vum Donald Trump ze gesinn, an dorops ze „äntweren“.

De Philip Cohen – dat ass de Soziologieprofesser aus dem Maryland – huet erzielt, datt hien am Juni 2016 „blockéiert“ ginn ass. An dat nëmme 15 Minutten nodeems hien op en Tweet vum US-President reagéiert hat, mat der Verëffentlechung vun enger Foto vum Trump, op där ze liese war: „Korrupt, Inkompetent, Autoritär“.

„Vun do un, hunn ech festgestallt, datt vill manner Leit meng Tweets konnte gesinn an datt meng politesch ‘Effikassitéit’, meng Méiglechkeet mat anere Bierger ze kommunizéieren, ageschränkt war“, erkläert de Philip Cohen am Mäerz, no der Audienz zu dëser Affär bei engem federale Geriicht vu Manhattan.

D’Verfassung huet ëmmer Recht

D’Uerteel ass vum Knight Institute begréisst ginn. Si gesinn „eng akribesch Uwennung vun de Prinzipie vum éischten Amendement, géint eng Zensur op enger neier Kommunikatiounsplattform“. Den Direkter vun der Organisatioun, Jameel Jaffer, kommentéiert: „D’Praxis vum President seng Géigner op Twitter ze blockéieren ass permissiv am anti-konstitutionell“.

Eng Positioun déi esou och vun der Electronic Frontier Foundatioun (EFF) gedeelt gëtt. EFF ass eng ONG déi sech fir d’Fräiheet am Internet asetzt, an hire Sëtz zu San Francisco huet.

Wie vum Donald Trump Blockéiert gouf, konnt wuel nach ëmmer en Tweet schreiwen deen sech un de President adresséiert huet, mee deen huet se net méi gesinn. Hir Kommentaren hunn sech dann och net méi an der „timeline“ vun der Reaktiounen op dem Milliardär sengen Tweets erëmfonnt.

Et ass net gewosst, wéi vill Leit insgesamt vum Donald Trump blockéiert goufen. Twitter selwer wëll vun näischt wëssen, mee et gëtt Estimatiounen, déi vun honnerte blockéiert Persounen ausgeet. D’Riichterin huet dem Donald Trump dann och net „opgedroen“ déi Blockéiert nees fräi ze schalten, dovunner ausgoend, datt et dem President seng Verantwortung ass d’Uerteel ze interpretéieren.

„Mir hoffen, datt d’Wäisst Haus ouni Gedauschs d’Entscheedung vum Geriicht ëmsetzt“ heescht et säitens der Spriecherin vum Knight Institute, Ujula Sehgal. „Geschitt datt net, musse mir d’Aktioun virun der Justiz weiderféieren“.

mam Sébastien Blanc/AFP

Foto: (Archiv) De Sëtz vun Twitter zu San Francisco. © Stephen Lam/Getty Images/AFP

Related topics Donald Trump, Twitter, US-Justiz
Next post Previous post