Search

You may also like

#AlarmstufeRot  – Berliner Demo géint d’Ausstierwe vu Concerten, Discoen a Co.
International Neiegkeeten

#AlarmstufeRot  – Berliner Demo géint d’Ausstierwe vu Concerten, Discoen a Co.

D’Veranstaltungsbranche fuerdert Hëllef: Concerten, Kiermes an Discoen, all hunn se un

Chamberwahlen: D‘CGFP wéist nawell gären, wou ee mat de Parteien drun ass
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: D‘CGFP wéist nawell gären, wou ee mat de Parteien drun ass

Den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht (CGFP)

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang
International Neiegkeeten

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang

„Mir wäerte gesinn“ esou déi ongewinnt verhale Reaktioun vum Donald

Justizreform a Polen ass net Rechtméisseg

Justizreform a Polen ass net Rechtméisseg

Mat hirer ëmstriddener Justizreform huet déi ultrakonservativ polnesch Regierung keng glécklech Hand. Net nëmmen datt de Projet zu Bréissel fir Kaméidi suergt an och den EuGH sech këmmere muss, och am Land selwer reegt sech de Widderstand.

Gëschter huet den ieweschte Geriichtshaff geuerteelt, datt eng nei entscheedend Kummer net onofhängeg vun der Regierung ass. Dat heescht: am Sträit ëm d‘Justizreform ass déi vun der polnescher Regierung nei geschafen Disziplinarkummer net den europäeschen Ufuerderungen an domatter och net déi vum polnesche Recht erfëllt. Si ass faktesch onrechtméisseg.

Elo ass awer dës Disziplinarkummer e Schlësselelement vun der initiéierter Justizreform, déi vun der PiS-Regierung onbedéngt wëll duerchgezu ginn. Déi hat déi nei Kummer mat zéng Membere besat, déi haaptsächlech aus Procureuren a Juristen aus dem Ëmfeld vum Justizminister Zbigniew Ziobro oder der PiS-Partei kommen. Dës Kummer soll Riichter a Procureuren entloosse kënnen.

Ernannt goufen d‘Membere vun der Disziplinarkummer vum President, ausgewielt hat se de Landesjustizrot. Dëse Rot soll eigentlech d‘Onofhängegkeet vun de Riichter garantéieren, mee zanter der Justizreform vun 2017, gëtt de Landesjustizrot vum Parlament – als eigentlech der PiS – gewielt. Den ieweschte Geriichtshaff huet elo bestätegt, datt dëse Rot net méi onofhängeg ass.

D‘Kritiker werfen der polnescher Regierung vir, an de leschte Jore systematesch hiren Afloss op d‘Justiz ausgebaut ze hunn. Dat huet ioch d‘EU-Kommissioun beschäftegt, déi scho Verfare géint Polen beim europäesche Geriichtshaff (EuGH) ageleet huet. Esou beispillsweis géint déi vun der Regierung agefouert Zwangspensionéierung vu Riichter. Dat ass no EU-Recht net zoulässeg.

Am Aktuelle Fall, hat den EuGH am November entscheet, den Dossier zréck un de ieweschte polnesche Geriichtshaff zréckzeginn. Deen hat sengerzäit selwer den EuGH ageschalt, well et Zweiwel un der Onofhängegkeet vun der Disziplinarkummer ginn huet. D‘PiS-Partei wäert sech awer no neie Mëttel a Weeër ëmkucken, fir awer nach dës wichteg Reform duerchzesetzen.

mat indymedia/waw/bru

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics EUGH, ieweschte Griichtshaff, Justizreform, Onofhängegkeet, Polen
Next post Previous post