Search

You may also like

money
Kuerzaarbecht: De Fiels an der Brandung
Neiegkeeten

Kuerzaarbecht: De Fiels an der Brandung

Wann et richteg ass, datt Lëtzebuerg sech besser do steet

Méi Geld an Infrastrukture fir de Sport
Neiegkeeten

Méi Geld an Infrastrukture fir de Sport

De 15. Januar hat de Sportsminister Dan Kersch (LSAP) eng

Editorial: Europäeschen Dag vun der Statistik
Neiegkeeten

Editorial: Europäeschen Dag vun der Statistik

De STATEC kann sech freeën, laut engem Sondage dee si

Mhh ee Genoss: No Téi, Bléi an Duch elo och „Käre vum Séi“

Schonn zënter e puer Joren begeeschteren d’Produite mam Label „vum Séi“ duerch hire regionale Charakter an déi héichwäerteg Qualitéit. Ëmsou méi houfreg sinn den Naturpark Öewersauer, de SEBES an d’Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer (LAKU), dass elo d’Käregenossenschafft gegrënnt gouf an domat déi nei Rei „Käre vum Séi“ presentéiert ka ginn.

Ganzer 19 Betriber hu sech dofir zesummegeschloss a garantéieren, dass hire Weess, Spelz a Kar an der Regioun ugeplanzt gëtt a si gläichzäiteg d’Standarden zum Waasserschutz berécksiichtegen.

Ma, mir sinn awer nach net um Enn mat de gudden Neiegkeeten. Nieft der Regionalitéit an dem Waasserschutz an der Stauséi-Regioun, geet et och ëm fair Bezuelung. An do kënnt d’Bäckerei Jos & Jean-Marie – Gebäck vum Séi an d’Spill. Fir de Gerant Jean-Marie Neuberg war et selbstverständlech d’Betriber an d’Initiative, déi duerch d’Iddi vum Naturpark zustane komm ass, ze ënnerstëtzen. Domat weist d’Bäckerei immense Respekt géigeniwwer der landwirtschaftlecher Aarbecht an der Regioun.

D’Terrainen vun den 19 Betriber befanne sech an de Membergemenge vum Naturpark Öewersauer, der Gemeng Géisdref an dem Waasseranzuchsgebitt vum Uewerstauséi. No der Grënnung vun der Käregenossenschaft ginn d’Acteuren natierlech vun de Beroder vum Naturpark ënnerstëtzt.

Käre vum Séi© Naturpark Öewersauer/Pierre Matgé

An dësem Kader sinn déi verschidde Virgaben – beispillsweis zur Qualitéit vum Produit an d’Aspekter vum Waasserschutz – an engem Heft festgehale ginn, dat vun de landwirtschaftleche Beroder vun den dräi Naturparken, der SEBES, de Kooperatiounspartner vun der LAKU, dem Ëmweltministère an der Waasserverwaltung ausgeschafft ginn ass.

Hei ass beispillsweis festgehalen, dass just staark reduzéiert a mat enger bestëmmter preziser Technik mat Stéckstoff gedüngt dierf ginn, a Planzeschutzmëttel just a wéinegen Ausnamen an no Ofsprooch mat den Naturpark-Beroder zum Asaz kommen dierfen.

Net nëmmen geet et hei ëm de regionalen Ubau, mee och ëm d’Veraarbechtung an der direkter Ëmgéigend. D’Resultat vun der Initiative ass dofir schonn an der Bäckerei Jos & Jean Marie – Gebäck vum Séi ze fannen. Op traditionell Aart a Weis ass ee Brout mat 100% regional ugebautem Spelz kreéiert ginn.

Iwwregens hat den Naturpark Öewersauer viru kuerzem nach eng regional Nouvelle: Et gëtt nämlech eng nei a limitéiert Kollektioun beim „Duch vum Séi“. Méi Informatioune fannt Dir HEI.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Grënnung vun der Käregenossenschaft © Naturpark Öewersauer/Pierre Matgé

Related topics Bäckerei Jos & Jean-Marie, Brout, Käre vum Séi, Käregenossenschaft, LAKU, Naturpark Öewersauer, Regionalitéit, SEBES, Spelz, Uewerstauséi, Waasserschutz, Weess
Next post Previous post