Search

You may also like

E Minister, seng Police an 62 Datebanken
Neiegkeeten

E Minister, seng Police an 62 Datebanken

De Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng), ass nach

Dem US-President säi schwaarze Freideg
Neiegkeeten

Dem US-President säi schwaarze Freideg

Groussen „Halli-Galli“ am US-Kongress um Freideg: Zu Washington, während der

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours
Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours

Eigentlech soll e schonn eriwwer sinn, also de Concours „Äre

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!

Déi verschidde Baueren aus der Gemeng Käerjeng hunn elo ee solidareschen Opruff gemaach, fir bei enger Botzaktioun hir Wisen a Felder vun alle Schiet vum Tornado ze befreien. Si wiere glécklech wann um Samschdeg, de 17. August esou vill Leit wéi méiglech géife mathëllefen.

Mat der Botzaktioun kennen d’Baueren hir Béischten nees a Sécherheet op déi concernéiert Felder schécken, respektiv hir Felder beaarbechten, ouni d’Maschinne futti ze maachen. Rendez-Vous ass Moies um 9:00 Auer am Käerjenger Treff.

Nom Ofschloss vun der Botzaktioun gëtt et fir all déi Fräiwëlleg e Bréitchen an eppes ze drénken. Bréngt wa méiglech grouss Eemeren an Händche mat a mëllt Iech am Virfeld un per Mail op events@kaerjeng.lu oder wärend de Bürosstonnen um 500 552 320. Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Baueren, Botzaktioun, Felder, Käerjeng, Tornado, Wisen
Next post Previous post