Search

You may also like

EUROPEAN HILLRACE 2019 zu Eschduerf
Neiegkeeten

EUROPEAN HILLRACE 2019 zu Eschduerf

Dem Rennsport esou no wéi nach ni: Dat ass den

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”

An de 70er Joer huet déi lénksextremistesch terroristesch Vereenegung „Beweegung

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?
Neiegkeeten

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘EU-Deputéiert op eng Resolutioun gëeenegt, mat

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer

De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger, datt den Heem-Liwwer-Service fir Akeef erweidert ginn ass fir Bierger tëschent 70 a 75 Joer. Fir vun dësem Service Gebrauch kënne maachen, geet et duer, datt se sech melle bei der Hotline: 500 552 300 (vu Méindes bis Freides vun 13 bis 16 Auer).

Hei kënne Bierger ab 70 Joer oder déi besonnesch vum Coronavirus COVID-19 gefährt sinn (Diabetis, kardiovaskulär Krankheeten, chronesch Krankheeten vun den Otemweeër, Kriibs, Immunschwächt op Grond vun enger Krankheet oder Therapie), a keen direkte Familljen- oder Bekanntekrees hunn, sech mellen fir hir dringend noutwendeg Akeef an de Supermarchéen duerch Gemenge Personal gemaach ze kréien.

E Gemengen Ugestallten këmmert sech ëm d’Akafen a liwwert d’Bestellung heem. Bei der Liwwerung ënnerschreift de Bierger d’Commande a bestätegt esou datt hie seng bestallten Artikele geliwwert kritt huet. Bei der Liwwerung ass näischt direkt ze bezuelen. De Bierger kritt vun der Gemeng eng Rechnung geschéckt, déi dann ze bezuelen ass.

Dës Hotline bleift esou laang bestoen wéi d’Coronavirus Aktualitéit et erfuerdert, respektiv bis et nei Uerder a Recommandatioune vun de Staatlechen- oder de Gemengen-Autoritéite gëtt.

Heem-Liwwerung vun Iessen duerch d’Restaurateuren aus der Gemeng

Ausserdeem fannt Dir op der Récksäit eng aktualiséiert Lëscht vu Restaurateuren aus der Gemeng, déi de Bierger weiderhin Iessen heem liwweren oder wou een Iesse kann ofhuelen. Dës Lëscht ass och op den übleche Kommunikatiouns Supporte vun der Gemeng disponibel (www.kaerjeng.lu a Facebook) a gëtt bei Bedarf aktualiséiert. Hei fannt Dir déi aktuell Lëscht (Stand 02.04.2020):

  • Café Käerjenger Stuff – Tel. 691 721 128 – Heemliwwerung an Iesse fir Matzehuelen méiglech
  • Hotel-Restaurant Béierhaascht – Tel. 26 50 85 50 – Heemliwwerung an Iesse fir Matzehuelen méiglech
  • Hotel-Restaurant Carpini – Tel. 50 59 99 – Heemliwwerung méiglech
  • Hotel-Restaurant Gulliver – Tel. 50 44 55 203 – Heemliwwerung méiglech
  • Kéinzeger Weieren – Tel. 691 589 589 – Heemliwwerung an Iesse fir Matzehuelen méiglech
  • Restaurant Bethel – Tel. 26 65 24 85 – Heemliwwerung an Iesse fir Matzehuelen méiglech
  • Restaurant Samariano – Tel. 26 65 00 32 – Heemliwwerung an Iesse fir Matzehuelen méiglech
  • Restaurant L’Angolo d’Oro – Tel. 26 50 33 40 – Heemliwwerung an Iesse fir Matzehuelen méiglech
  • Restaurant Um Haeffchen – Tel. 691 210 307 – Heemliwwerung méiglech

Matgedeelt vun der Gemeng Käerjeng
Opmaacherbild: © Evgeni Tcherkasski / Unsplash

Related topics Coronavirus, Covid-19, Gemeng Käerjeng, Heemliwwer-Service, Hotline, Restaurant, vulnerabel Persounen
Next post Previous post