Search

You may also like

Coronavirus: Panik oder spéit Asiicht?
Neiegkeeten

Coronavirus: Panik oder spéit Asiicht?

Mëtt Januar hate mir fir d‘éischt iwwert den Ausbroch vun

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Wootleche Krich
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Wootleche Krich

No „Aacht Deeg an der Woch“ a „Perl oder Pica“

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha
Neiegkeeten

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha

Wien elo denkt, datt déi vun der Moien-Redaktioun se net

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert

A ville Gemengen uechtert d‘Land sinn d‘Verwaltungen an d‘Bierger gutt konnektéiert, wat an dëse beschwéierlechen Zäite gutt a wichteg ass. Um Beispill vun der Gemeng Käerjeng léisst sech gutt demonstréiere wat dorënner ze verstoen ass, a wéi wichteg Solidaritéit an dëser Kris eis sollt sinn…

Esou huet et sech erginn, datt d‘Ekipp ronderëm de Buergermeeschter Michel Wolter (CSV), säit enger Woch d‘Kadenz zolidd erhéicht huet. Eng Videokonferenz jot hei déi aner, Ofstand halen ass jo nach ëmmer gebueden. An dëse Stress a wichteg, et mussen Initiativen ergraff a Verantwortung iwwerholl ginn, fir d‘Bierger an dëser duerch d‘Covid19-Pandemie ausgeléiste Kris ze begleeden.

Fir unzefänken huet sech de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot Gedanke gemaach, wéi een de Mënschen aus der Risikogrupp, deenen eeleren a vulnerabelen Awunner vun der Gemeng am beschten hëllefe kann. Esou gouf als éischt Mesure e Liwwerdéngscht instauréiert, iwwert deen déi betraffe Leit sech dat wichtegst fir den Alldag bestelle kënnen. (Hotline 5005 5230-0).

Et kann een tëscht eppes kléngs iwwert 50 Produite säi Choix treffen a wann dat bis gemaach ass, da ginn d‘Leit vun der Gemeng a klenge Geschäfter – mat deenen am Virfeld en Accord fonnt ginn ass, esou datt si Moies de gerechtfäerdegte Privileg hu virrangeg zerwéiert ze sinn – dës Saachen akafen, a bréngen hire Leit datt da virun d‘Hausdier. An dat klappt bis ewell richteg gutt.

Alles an allem ginn iwwert dëse Wee eng 200 Menagen ënnerstëtzt. Nieft dësem „Service“ sinn déi motivéiert Gemengemataarbechter och den Intermediaire fir d‘Iessen op Rieder. A well dat alles wéi virgesi gutt funktionéiert, hunn déi Käerjenger elo decidéiert, dës Déngschtleeschtung och fir all déi Leit aus dem Gesondheetswiesen, déi un der viischter Front am Asaz sinn, ze erweideren.

Wat gemaach ka ginn, soll een och maachen

D‘Initiativ steet an huet, wat erfreelech ass, eng weider Initiativ ervirgeruff: eng „sozial“ Helpline (Telefon 5005 5238-5). Hei waren et d‘Leit vun der Telefonszentral, déi d‘Commande vun de Leit entgéinthuelen, déi festgestallt hunn, datt vill ënnert hinnen och „Gespréichsbedarf“ hunn. Elo ass de Sozialbüro dann all Moien um Dill, fir de Leit déi et wënschen nozelauschteren. Einfach gutt!

Mee elo gëtt et – a wie weess dat besser wéi de Misch – an der Käerjenger Gemeng, net nëmmen déi eeler a vulnerabel Persounen, och wa si et besonnesch schwéier hunn. Et huet vill Jugend an der Gemeng, an déi dierf een net vergiessen. Woubäi déi ze beschäftegen ass esou liicht net, et soll sech jo och hei, net onnéideg engem Risk ausgesat ginn an un d‘Recommandatioune gehale ginn.

An déi hunn der gutt gemengter Initiativ „ee Gaart fir all Famill“ – déi vun de Leit direkt ugeholl gouf – de Buedem ënnert de Féiss entzunn. Elo léisst de Schäfferot awer net decouragéieren. Mat Réckschléi muss ee rechnen, a d‘Sécherheet priméiert ëmmer. Hei léisst dann och keen d‘Äerm hänken… ganz am Géigendeel. All Iddi oder Virschlag gëtt diskutéiert an am Team beroden.

Esou kéinten, wann d‘Butze schonn net an d‘Crèche/MaisonRelais dierfen, dës Haiser dank den neien Technologien, de Kontakt zu hire Schützlingen ophuelen. Wéi sech esou eppes am Detail presentéiert, dorunner gëtt den Ament ganz intensiv geschafft, well de „Chef“ wier nawell ganz Frou, wann et nach am Verlaf vun dëser Woch géif zu éischten Aktivitéite kommen.

Mat den Teenager (13 bis 18 Joer) ass et allerdéngs net esou einfach. Si sinn an engem Alter wou ee sech géint d‘Autoritéite rebelléiert, wou ee villes „besser weess“ a sécherlech iwwerzeegt schéngt, onstierflech ze sinn. Deem ass net esou, a well si mengen nach ëmmer „Party“ maachen ze mussen, huet de Buergermeeschter d‘Zankerte gebueden, hinne géinteniwwer méi „verständlech“ ze sinn.

Illustratioun: Eigentlech sollt déi Käerjenger „City App“ eréischt Enn Abrëll, Ufank Mee aktivéiert ginn, mee ënnert den aktuellen Ëmstänn, hunn se op der Gemeng decidéiert de Lancement vun der Applikatioun virzezéien. D‘Awunner vu Käerjeng di gutt drun sech déi op hiren Telefon ze lueden, wann si zu all ament wëllen um Lafende bleiwen. Et hunn datt schonn eng dausend Leit gemaach, an och wann d‘Applikatioun nach net „vollstänneg“ ass, wat awer a zäitno sollt gekläert ginn, an der presenter Situatioun erfëllt si den Zweck.

Related topics Coronavirus, Covid19, Initiativen, Käerjeng, Pandemie
Next post Previous post