Search

You may also like

What the Fakt – 20 Joer Columbine-Massaker zu Colorado!
International Neiegkeeten

What the Fakt – 20 Joer Columbine-Massaker zu Colorado!

Am Bluttrausch hu si 13 Schüler an ee Prof erschoss,

Nei am Verlag Binsfeld: Tao Te King, Buch vum Wee
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Binsfeld: Tao Te King, Buch vum Wee

Dem chinesesche Philosoph Lao Tse säin Tao Te King aus

What the Fakt – De Jangeli rullt!
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Jangeli rullt!

Vum 17. Februar 1882 un ass de „Jangeli“ iwwer 70

US-Wahlkampf: Deen „aneren“ TV-Debat

US-Wahlkampf: Deen „aneren“ TV-Debat

An den USA hunn sech dës Nuecht (3 Auer eiser Zäit) d‘Kandidate fir d‘Amt vum Vizepresident déi éischt an eenzeg Debatt gegënnt. Nieft der Covid19-Pandemie waren och Wirtschaft an déi gefuerdert Policereform op der Dagesuerdnung. Am Verglach zum TV-Duell tëscht dem Donald Trump an dem Joe Biden, ass et tëscht dem Mike Pence an dem Kamala Harris gesittet zougaangen.

D‘Bild war gefleegt, béid Kontrahente stoungen sech op véier Meter Distanz géinteniwwer a waren och nach duerch Plexiglasscheiwe physesch vunenaner getrennt. Bei der Veranstaltung zu Salt Lake City (Utah) hunn déi zougeloosse Gäscht alleguerten eng Mask gedroen. Geleet gouf den Debat vun der Journalistin Susan Page (USA Today), déi mat béide Kandidate keng Krämpes hat.

Mat der Covid19-Pandemie gouf den Debat lancéiert. Mat: „Dat amerikanescht Vollek ass Zeie vum gréisste Versoe vun enger Regierung an der Geschicht vun eisem Land ginn“, huet d‘Kamala Harris d‘Marschrichtung uginn, a gesäit doranner mat ee vun de wichtegste Grënn, firwat den Donald Trump säi Recht op en zweet Mandat verspillt hätt. De Joe Biden hätt allerdéngs dofir ee Plang.

De Mike Pence huet, wat sollt hien och anescht maachen, de Krisemanagement misse verdeedegen, verweist dann awer dommerweis drop hinn, datt den Donald Trump scho ganz fréi Aschränkunge fir Voyageuren aus China an der Europäescher Unioun verhaangen hat, an esou vill Mënsche virun engem sécheren Dout geschützt hätt. Datt dat esou net stëmmt, interesséiert am Debat keen.

Kamala

Beim Thema Wirtschaft huet d‘Kamala Harris der Trump-Regierung virgeworf, datt si den Erfolleg dorunner miesse géif, wéi gutt et deene Räiche geet, wärend sech den Joe Biden ëm déi wirtschaftlech Situatioun vun de schaffende Leit këmmere wéilt. Och dat ass méi Wonschdenke wéi Fakt, mee wéi gesot et ass Wahlkampf. Hei geet et net ëm Wourechten oder Tatsaachen.

„De Joe Biden wäert fir keen d‘Steieren erhéijen, dee manner wéi 400.000 US-Dollar am Joer verdéngt“, esou d‘Kamala Harris. De Mike Pence hält dergéint an erkläert, datt den Donald Trump d‘Steiere n erofgesat huet fir de wirtschaftlechen Opschwong an eng séier Erhuelung vun der Konjunktur méiglech ze maachen. Dovunner hunn déi Lounofhängeg an den USA näischt matkritt.

Et ass nach ëm Klimawandel, déi wirtschaftlech Lag an d‘Reform vum der Justiz an der Police gaangen. Am grousse Ganze war de verbale Schlagaustausch ganz korrekt, jo scho bal langweileg. Et dierf nach drop higewise ginn, datt den Donald Trump (74) an den Joe Biden (77) déi eelste Kandidaten an der amerikanescher Geschicht sinn, déi sech fir den Job als President zerfleeschen.

Related topics Kamala Harris, Mike Pence, Salt Lake City, TV-Duell, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post