Search

You may also like

Beirut: D’Cargolux huet 62 Tonnen medezinescht Material transportéiert
Kultur Neiegkeeten

Beirut: D’Cargolux huet 62 Tonnen medezinescht Material transportéiert

An Zesummenaarbecht mat Fedex huet d’Cargolux gëschter 62 Tonnen u

Venezuela: Dissident fänkt un ongedëlleg ze ginn
Kultur Neiegkeeten

Venezuela: Dissident fänkt un ongedëlleg ze ginn

Et soll elo endlech nees zu Gespréicher tëscht der venezuelanescher

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer
Kultur Neiegkeeten

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer

D‘Journée Mondiale du Souvenir des Victimes de la Route ass

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!

De Moien um 7 Auer gouf et op der Gare e Schmaus fir d’Oueren

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie 7 Auer, wou vill Leit um Wee fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul mat Musek op der Stater Gare empfaange gi sinn. Wärend enger Woch ginn uechter d’Land gratis Concerte gespillt. Den Ufank vun dësem Museksfest ass an der Stad an zu Diddeleng, awer och zu Wellesteen a Schengen leeën d’Museker haut scho lass.

Fir vill Leit war et an der Fréi mam Moiesstress e wéineg besser gaangen, wéi d’Saxophon-Quartett Saxitude mam Ed Sheeran sengem “Shape of You” fir e verschéinerte Start an den Dag gesuergt an niewebäi déi dësjäreg Fête de la Musique lancéiert huet.

Haut ass an de Stater Quartiere bis Mëtternuecht méi eng lass wéi soss. Iwwer 60 Bands spillen op 23 verschidde Plazen, souwuel am Stadzentrum wéi och an den uleiende Véierel Gare, Kierchbierg, Märel-Belair, Hollerech P&R Bouillon, Pafendall a Gronn.

Fête de la Musique

© LCTO

Interessant dann och den Owend um 19.30 Auer um Knuedler. Do steet dann en ëffentleche Karaoke um Programm. Op enger grousser Leinwand ginn Texter vu bekannte Lidder projezéiert, déi vun der Militärmusek an der INNEC virgedroe ginn. Jiddereen soll dann och sou gutt et geet matsangen – ëmmerhin verbënnt Musek!

D’Fête de la Musiqu ass iwwregens Deel vum Programm Summer in the City.

Weider Informatiounen op fetedelamusique.lu.

Fête de la Musique

© LCTO

Opmaacherfoto: Den LCTO-President Marc Angel iwwerrecht hei ganz symbolesch dem Saxophon-Quartett Saxitude hir Instrumenter, mat deene si uschléissend d’Gare mat flotter Musek beliewen. © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Concert, Fête de la musique, LCTO, Marc Angel
Next post Previous post