Search

You may also like

Dem Beiefritz säi Wanterbéier: Schnell nach profitéieren!
Neiegkeeten

Dem Beiefritz säi Wanterbéier: Schnell nach profitéieren!

Wärend dem Beiefritz seng schwaarz-giel Mataarbechter mat hirer Kinnigin zeréckgezunn

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!
Neiegkeeten

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!

Och fir eis war dëse Fotograf, den haut säi 84.

money
Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!
Neiegkeeten

Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!

Gëschter huet IDEA scho säi 6. „Avis Annuel“ presentéiert. Am

Den haarde Kampf ëm Grond a Buedem

Well d‘Proprietairen dem Minister hir Lännereien net wëllen iwwerloossen, sollen se enteegent ginn

Den haarde Kampf ëm Grond a Buedem

Op déi parlamentaresch Fro (3427) vum Deputéierten André Bauler (DP), wou een dann elo dru wier, mam Bau vun der Verbindungsstrooss: Härebierg/Kasär Groussherzog Jean – Kreesverkéier Fridhaff, huet et eng interessant Äntwert ginn.

Elo ass de Projet vun dëser Verbindungsstrooss net nei. Dëse gouf 2017 an der Chamber beschloss an hätt – esou war et gemënzt – scho missen d‘lescht Joer ofgeschloss sinn. „Hätt“ well et gouf nach net emol den éischte Spuedestéch gemaach. Den DP-Deputéierte géif dann elo awer gäre vum Minister wëssen, wéini mat den Aarbechten ugefaange ka ginn a wéi laang dës dauere sollen.

Aus der Äntwert vum Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng) ass ervirzehiewen, datt deen de 6. Februar 2017 validéierten Avant-Projet, entspriechend dem Gesetz vum 18. Juli 2018, dem Ëmweltminister vum Carole Dieschbourg (déi gréng) zesumme mat dem Soumissiounsdossier eng Demande zur Autorisatioun vum Bau wäert agereecht ginn. Et ass also nach näischt geschitt?

Dach: d‘Etüden zum Projet si gréisstendeels ofgeschloss. De Problem: et kann ee keng Soumissioun publizéieren, esoulaang wéi engem déi Grondstécker net gehéieren op deem de Projet realiséiert soll ginn. Woubäi en deel Terraine konnt sech de Staat sécheren, mat gewësse Proprietaire schéngt et allerdéngs méi „schwiereg“ sech eens ze ginn. Do misst elo „juristesch“ tranchéiert ginn.

Am Kloertext heescht dat: sollten sech d‘Proprietaire vun de fir de Projet „Verbindungsstrooss“ benéidegt Terrainen net zäitno mam Minister „arrangéiert“ kréien, wier dëse wuel genéidegt eng Expropriatiounsprozedur ze lancéieren. A wann dann d‘Terrainen dem Staat endlech gehéieren, kann d‘Geneemegungsprozedur ofgeschloss an d‘Aarbechten ugefaange ginn. Dauer hei: 18 Méint.

Illustratioun: © Adam Birkett / unsplash

Related topics Dikrech, Expropriatioun, François Bausch, Fridhaff, Härebierg
Next post Previous post