Search

You may also like

De Lëtzebuerger Summer war ze kal an ze naass
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Summer war ze kal an ze naass

De Summer 2021 geet sengem Enn entgéint an de meteorologeschen

Tansania verfollegt Ënnerstëtzer vun Homosexuellen
Neiegkeeten

Tansania verfollegt Ënnerstëtzer vun Homosexuellen

D’Regierung vun Tansania huet domadder gedréit, all d’Verdeedeger vun de

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft
Neiegkeeten

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft

De Summer ass do – wat gëtt et Besseres ewéi

Erfollegräich am Kampf géint d‘Drogekriminalitéit

Erfollegräich am Kampf géint d‘Drogekriminalitéit

Tëscht dem 13. an dem 15. Januar, huet et säitens dem zentralen Drogendepartement vun der Police Judiciaire eng rei Ermëttlungserfolleger ginn. Esou si sech Persounen op frëscher Dot erwëscht a festgeholl ginn.

Hinne gëtt de Virworf gemaach, illegal mat Betäubungsmëttel ze handelen. D‘Kadette sinn op uerder vum Procureur festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn. Wat den Detail betrëfft, esou geet aus dem Bericht vun der Police ervir, datt um Mëttwoch 13. Januar esouwuel op der Gar an der Stad, wéi op der Gar zu Esch-Uelzecht, jee ee Kokaindealer gepëtzt konnt ginn.

An dësem Kontext huet d‘Police 40 Gramm Kokain, Boergeld (dat viraussiichtlech aus dem Handel mat Droge staamt) an eng Rei Smartphone beschlagnaamt. De 14. Januar gouf am Raum Miersch no Ermëttlungen ee weidere Kokaindealer gestallt ginn. Bei der Perquisitioun vun Haus a Gefier konnten d‘Polizisten 125 Gramm Kokain an ee gréissere Betrag Boergeld sécherstellen.

Drogebrennpunkt Gar-Bouneweg

Vum Freideg 15. op ee Samschdeg 16. Januar waren et dann d‘Beamte vum Grupp „Gar“ déi ënner Mathëllef vun der Police Judiciaire 2 vermuttlech Drogekuréier aus Holland an och e vermuttlechen Drogendealer aus Lëtzebuerg, zu Bouneweg konnte verhaften. Beim Zougrëff op der Adress wou d‘Iwwergab vun den Droge stattfonnt huet, wollt sech ee vun de Kuréier aus dem Stëbs maachen.

Sech am Keller verstoppen, war net déi beschten Iddi, firwat de Gesell zügeg fonnt ginn ass. Den 2. Kuréier konnt virum Haus gestallt ginn. Bei den uschléissende Perquisitiounen hunn d‘Beamte ronn 100 Gramm Kokain an nach emol eng gréisser Geldzomm beschlagnaamt. De Procureur huet dunn d‘Verhaftung ugeuerdent. Och dat an Holland immatrikuléiert Gefier gouf hei beschlagnaamt.

Ouni Handelsermächtegung ënnerwee

Um Donneschdeg 21. Januar sinn dann nach emol dräi Verdächteger strofrechtlech ermëttelt ginn. Dat nodeems e Bierger der Police gemellt hat, datt hien an der Stroossbuerger-Strooss (Quartier Gar) vun diversen Individuen ugeschwat ginn ass, déi wësse wollten ob hie un Drogen interesséiert wier. Deem sinn d‘Polizisten nogaangen an sollte séier feststellen, datt d‘Informatioun gutt war.

Unhand der Persounebeschreiwung hunn d‘Beamten déi verdächteg Persoune séier lokaliséiert. Si goufen enger Persounekontroll ënnerzunn, bei där festgestallt gouf, datt si géint d‘Gesetzer betreffend Betäubungsmëttel verstouss hunn. Insgesamt hunn d‘Polizisten 53 Gramm Marihuana (portionéiert), Boergeld an d‘Smartphone vun de Kadette beschlagnaamt. Et gouf Protokoll erstallt.

Illustratioun: Sammis Reachers / Pixabay

Related topics Drogekuréier, Drogen, Drogendealer, Kokain, Marihuana, Police
Next post Previous post