D‘Schwede sinn (nach) entspaant
Et ass Fréijoer, vill Sonn an ee bloen Himmel bitt
Empfaange gouf de Joseph Muscat den 18. Juli an Hotel
De Samschden den 23. Mäerz sinn europawäit Demonstratioune géint d‘EU-Urheberrechtsdirektiv,
Mat der „Ladies Tattoo Convention“ an den Hale vun der LuxExpo um Kierchbierg, war dëse Weekend fir d‘Frënn an d‘Fans vun dëser Konscht déi ënnert Haut geet emol eng Kéier alles anescht.
Treffe vun dëser Aart sinn elo net grad seelen zu Lëtzebuerg, mee et ass dann awer déi éischt Editioun, wou et den Dame vum Fach virbehale war, hiert Kënnen ënner Beweis ze stellen. Allerdéngs huet jiddereen sech dierfe vun den Kënschtlerinnen e Bild op d‘Haut stieche loossen.
Besonnesch ervirzehiewen ass dann nach, datt sech d‘Tätowéierinnen, ëmmerhi steet den Oktober symbolesch fir de Kampf géint de Broschtkriibs, mat de Betraffene solidaresch gewisen hunn. E schéine Geste, deen dann hoffentlech 2018 widderholl ka ginn.
Alles an allem konnt d‘Equipe vun „The Storm“ 130 Tätowéierinnen aus ganz Europa fir dës éischt Ausgab gewannen. Och eng ganz Rei „Special Guests“, dorënner d‘Playmate Mia Dolls an d‘Performance Artistin Lucy Hell, konnte beim Kaderprogramm de Public iwwerzeegen.
D‘Organisateure leeën dann nach grousse Wäert drop ze betounen, datt den Event, deen am „rosa Oktober“ stattfënnt, an Zesummenaarbecht mat der Asbl „Europa Donna Luxembourg“ organiséiert ginn ass. D‘Asbl setzt sech an fir Broschtkriibs-Patienten an huet en Deel vum Entréesticket erhalen.
All d‘Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu