Sozialisteschen Atheismus kontra konservative Fanatismus
D‘Restriktiounen déi d‘Covid19-Gesetz vun der Regierung iwwer Chrëschtdag mat sech
D‘Restriktiounen déi d‘Covid19-Gesetz vun der Regierung iwwer Chrëschtdag mat sech
D’Grouss Herzogin Maria Teresa, déi d’Grënnungspresidentin vun der Associatioun Stand
D‘Presidentin der Generalassemblée vun de Vereenten Natiounen, d‘Maria Fernanda Espinosa, huet en Dënschdeg hire Wëllen zum Ausdrock bruecht, de Kampf géint déi weltwäit Verschmotzung mat Plastik opzehuelen. Op der ganzer Welt wiere mënschlech Organisme mat Plastik kontaminéiert.
„80% vum Plastik fënnt seng lescht Rou an den Ozeaner. Dat sinn tëscht 8 an 12 Milliounen Tonnen all Joer“, ënnersträicht d‘Maria Fernanda Espinosa, während enger Pressekonferenz mam Premier vun Antigua a Barbuda, Gaston Browne, dee sech intensiv mam Problem beschäftegt. „Bis 2050 gëtt et méi Plastik an de Weltmierer, wéi Fësch. (…) Mikroplastike gi elo schonn am Waasser an am Salz fonnt, wat derzou féiert, datt bal all Mënsch Plastik am Kierper huet“, esou d‘Presidentin.
Elo gëtt et allerdéngs schonn eng Rei UN-Organer, déi sech mat der Verseuchung duerch Plastik ausenanersetzen. Esou „UN-Environment“, „Global Citizen“ oder „National Geographic“. Deenen hir Efforte sollen elo nach besser a méi intensiv Ënnerstëtzt ginn. Am Februar vun dësem Joer, hat „UN-Environment“ eng weltwäit Campagne #cleanseas lancéiert. D‘Zil vun dëser Campagne? De Plastiksoffall ganz beendegen. An dat soll alles ouni Contrainte oder Verflichtunge méiglech sinn.
#cleanseas war beim Sommet zu Bali lancéiert ginn. Mat dëser Campagne ginn d‘Regierungen op der ganzer Welt opgeruff, sech eng Politik ze ginn, mat där den Asaz vum Plastik kann op e minimum reduzéiert ginn. Vu Bali ass aus, ass och en Appell un d‘Industrie geriicht ginn, fir datt si och manner Plastik benotzen, dat notamment beim Emballage. Och d‘Konsumente sinn agelueden, sech hiren ale Gewunnechten ze entleedegen, an op Plastik an all senge Formen ze verzichten.
D‘Aktioun vum Maria Fernanda Espinosa, huet d‘Objektiv iwwert d‘Vereenten Natiounen, méi Bewosstsinn fir deen duerch de Plastik ugeriichte Schued ze entwéckelen, an den Asaz vu Plastik an den UN-Agencen op dat strikt noutwennegt ze reduzéieren. Am Kader vun enger Campagne déi 2019 am Fréijoer zu New-York gestart gëtt, sollen déi vill Aktiounen, Individuell oder Kollektiv, begréisst ginn. Ugefaange mat den Engagementer vun Antigua a Barbuda an Norwegen.
Foto: © UNEP