Search

You may also like

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach
Neiegkeeten

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach

Insgesamt gouf et am Januar 2018 175 Ufroen zu Lëtzebuerg.

D’VDL a Volvo danzen den Elektro-Danz
Neiegkeeten

D’VDL a Volvo danzen den Elektro-Danz

Gëschter huet d’Stad Lëtzebuerg houfreg seng 10 nei elektresch Bussen

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?
Neiegkeeten

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?

Eis Verfassung ass wuel net déi schlechtst, mee och si

Kampf géint den Drogenhandel

D‘Police huet fënnef Bande vun Drogendealer gepëtzt a 14 Persoune sëtzen elo zu Schrasseg

Kampf géint den Drogenhandel

De „klengen Dealer“ op der Strooss ze erwëschen ass méi liicht wéi enger ganzer Band de Reedel virleeën. Esou Enquête kënnen sech iwwer Méint hinzéien an sinn dann och entspriechend Personalopwänneg. Am Juli awer konnt eis Police sech direkt fënnef Bande vun Drogendealer gräifen. 14 „presuméiert“ Dealer déi am ganze Land aktiv waren, sëtzen elo hanner Gitter.

Hiert Wuerenassortiment: Heroin, Kokain a Marihuana. Den Handel war rodéiert, an un der Nofro schéngt et dann och net gefeelt ze hunn. Nodeems d‘Police vill Zäit opgewannt hat fir dësem Business, senge Verflechtungen an d‘Roll vun de Verdächtegen ze aktéieren, koum et zu de Verhaftungen. Aus gudde Grënn huet d‘Police keng Detailer zu dësem Virgank matgedeelt.

Et ass awer eng gréisser Meng un Droge séchergestallt ginn an am Kontext vun de Verhaftungen, sinn och Gefierer a Boergeld saiséiert ginn. Et huet ausser zu Lëtzebuerg, och Perquisitiounen an der Belsch an am Frankräich ginn. Well esou eng Operatioun gutt virbereet wëll sinn, ass an dësem Kontext och d‘Sonnereenheet vun der Police mat agebonne ginn. Alles ass beschtens ofgelaf…

Alles an allem si 15 Persoune vun der Police verhaft ginn. Eng Persoun, déi als Kapp vun enger Band bezeechent gëtt, ass bei eise belschen Nopere gutt bekannt, well si do e Reseau opgebaut hat. Dee gouf dann och un déi belsch Police iwwerstallt. Déi aner 14 Brigange sinn no hirer Entrevue mam Untersuchungsriichter zu Schrasseg agewise ginn. D‘Ofrechnung gëtt viru Geriicht gemaach.

Illustratioun: © Matthew T Rader / unsplash

Related topics Drogen, Drogendealer, Drogenhandel, organiséiert Verbriechen, Police, Schrasseg, Untersuchungsriichter
Next post Previous post