Search

You may also like

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert
Neiegkeeten WTF

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert

Houfreg presentéiert d’Stad Esch säin neie Projet „E-Senior“. Zil ass

Nei am Verlag Binsfeld: Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir
Neiegkeeten WTF

Nei am Verlag Binsfeld: Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir

Een originellen a garantéiert eenzegaartege Gebuertsdagskaddo! Dierf een a Bicher

Ee proppere Planéit fir eis all?
Neiegkeeten WTF

Ee proppere Planéit fir eis all?

D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg wäert

surprise

Beim Kampf géint d’illegal Offallbeseitegung kënnt ee virun

Schonn eleng d'Existenz vum Avertissement Taxé schreckt of

Beim Kampf géint d’illegal Offallbeseitegung kënnt ee virun

Zënter Dezember 2015 huet Lëtzebuerg eng mi streng Handhabung, wat dat illegaalt Entsuerge vu Knascht ugeet. Mee wat kann ee bis elo als Resultat vun dësem agefouertem Gesetz, wat nei Avertissements Taxés mat sech bruecht huet, festhalen? Déi DP-Deputéiert Max Hahn an Claude Lamberty hu bei der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) nogefrot.

Tatsächlech gouf et zënter der Aféierung säit 2016 iwwert 200 Avertissement Taxés. Déi si bis elo vun der Douane a vun der Police erstallt ginn. D’Beamte vun der Ëmweltadministratioun hu misse waarden, bis de Reglement Grand-Ducal publizéiert ginn ass a konnt eréischt uschléissen eng nei Unitéit schafen, déi sech mat de Kontrolle vun esou enger illegaler Entsuergung befaasst. Dës Unitéit ass eréischt am Januar 2017 aktiv ginn a konnt 8 vun 81 Plainten erfaassen. D’Ëmweltadministratioun konnt bis elo nach keng Avertissement Taxés ausstellen.

Si schéngen och eng Wierkung ze hunn. D’Ëmweltministesch schreift, datt eleng d’Erwänung vun den Avertissement Taxés ofschreckend ka wierken. Dëst wier virun allem bei illegalen Offall-Verbrennungen de Fall. Dobäi géif awer och d’Aktivitéit vun de betraffenen Administratiounen (Environnement – Gestion de l’eau – nature et des forets) eng Roll spillen. Ma och d’Bedeelegung vun der Bevëlkerung, déi doropper méi oppasst, géint an d’Gewiicht falen. Soubal méi Statistiken verfügbar wieren, géing een ausserdeem kucken, fir d’Kontrollen an d’Sanktiounen ze verbesseren.

 

 

 

 

Related topics Carole Dieschbourg, Claude Lamberty, Ëmwelt, Lëtzebuerg, Max Hahn
Next post Previous post