Search

You may also like

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt
International Neiegkeeten

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt

Et ass dem François Bausch säi Mobilitéitsministère deen de Kader

money
De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus
International Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus

De STATEC: „Am Kontext vum global wirtschaftleche Wuesstemsréckgang huet Lëtzebuerg

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
International Neiegkeeten

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt

Am ganze Land verdeelt gesäit ee bemoolte Fassaden, mee wie

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz

En Dënschdeg, huet déi kanadesch Regierung, d‘Bréifdréier vun der parastaatlecher Entreprise „Postes Canada“ opgefuerdert ganz séier zu engem Accord mat hirem Patron ze kommen. Sollt weiderhin um alternéierte Streik – deen elo e Mount unhält – festgehale ginn, géif e speziellt Gesetz ugeholl ginn, fir d‘Kontestatioun ze beendegen.

E Méindeg hunn d‘Bréifdréier d‘Offer vu „Postes Canada“ refuséiert, mat där et iwwert d‘Feierdeeg zu engem „Waffestëllstand“ sollt kommen. Wéi all Logistik-Entreprise wëll och déi kanadesch Post vum „Saisonhéichpunkt“ profitéieren. Mee elo streiden sech d‘Gewerkschaften a „Postes Canada“ schonn iwwert e Joer, ouni dat een eeschthaft mam Kollektivvertrag viru komm wier.

„Postes Canada“ hat déi lescht Woch eng Propose fir e neie Kollektivvertrag un d‘Gewerkschaft vun de Bréifdréier (STTP) weidergeleet. D‘Bréifdréieschgewerkschaft huet d‘Propose vum Patron als „net zefriddestellend“ zréckgewisen.

Den Haaptaktionär mécht sech an

„Mir encouragéiere béid Säite séier zu engem Ofschloss ze kommen, a mir si bereet e Gesetzprojet ze deponéieren, sollte mir net erkennen, datt et an den nächsten Deeg zu enger Léisung vum Sozialkonflikt kënnt“, warnt déi kanadesch Aarbechtsministesch, Patty Hajdu, an enger op Twitter verëffentlechter Deklaratioun.

Déi liberal Regierung vum Justin Trudeau kéint esou, duerch eng beschleunegt Prozedur, vum Parlament e Gesetz unhuele loossen, mat deem d‘Bréifdréier: engersäits zur Aarbechtsopnam kënne gezwonge ginn, an anersäits, d‘Regierung d‘Aarbechtskonditioune géif bestëmmen. Interessant an dësem Kontext, d‘Rumeur, datt déi kanadesch Regierung net vum selwen op d‘Iddi komm wier.

Esouwäit et gewosst hunn, e sëllechen Enseignen, dorënner de „Ris“ vum Onlinehandel eBay, Drock op Ottawa ausgeüübt, fir déi zur Handlung ze „zwéngen“. Dës „Verkaf-Saison“ ass fir d‘Entreprise aus dem Secteur kruzial. Et muss an dësem Kontext ernimmt ginn, datt „Postes Canada“ gutt 40% vun de Päck am Land ausliwwert. Et gëtt also net vill Alternativen..

Den alternéierte Streik

D‘Bréifdréier vu „Postes Canada“ hunn hire Streik den 22. Oktober ausgeléist. Et ass en alternéierte Streik, dee zu enger zäitweileger Ënnerbriechung vun der Postzoustellung gefouert, an iwwer 200 Dëngschtofbréch verursaacht huet. Esou ënner Drock gesat, huet „Postes Canada“ seng auslännesch Partner gebueden, momentan kee Courrier méi an d‘Land ze schécken.

Vun der kanadescher Bréifdréieschgewerkschaft gëtt ënnert anerem gefuerdert, datt endlech méi Leit agestallt ginn. De Volummen u Päck hätt duerch d‘Explosioun vum Onlinehandel, ëm 30% zougeluecht, an et geet sech erwaart, dat mat der Legaliséierung vum rekreative Cannabis, nach emol vill Liwwerungen derbäi kommen. Dat wier mat der aktueller Personaldecken net ze maachen.

mat AFP

Related topics Bréifdréier, Gesetzprojet, Kanada, Postes Canada, Streik
Next post Previous post