Search

You may also like

De Festival On Stéitsch sicht dech!
International

De Festival On Stéitsch sicht dech!

D’Editioun 2020 vum Festival On Stéitsch ass nees op der Sich

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…
International

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…

D’Vakanzenzäit kënnt mi no, an di meescht wësse scho ganz

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (31.08-01.09.2020)
International

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (31.08-01.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt de Rondpoint, deen duerch d’Route

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!

D'Legaliséierung kënnt den 1. Juli 2018

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!

Nodeems se sech a Kanada eens gi sinn de Cannabis ze legaliséieren, gëtt sech elo doriwwer gestridden, wien d’Steiere kann akasséieren. Oneenegkeet besteet tëscht der federaler Regierung, zéng Provënzen an dräi Territoiren. Dat huet de Premierminister Justin um Dënschdeg missen agesinn.

Legal kafe kann een a Kanada de Cannabis ab dem 1. Juli 2018. Am Moment geet et dann och drëms e strukturéierte Reseau fir d’Kommerzialisatioun an all Provënz an Territoire op d’Been ze stellen. Déi federal Regierung wëll awer och e Stéck vum Steierkuch, an hei gëtt ganz ënnerschiddlech Virstellungen.

Um Dënschdeg huet de Justin Trudeau de Provënzen an Territoire virgeschloen Accisen an Héicht vun 1 Kanadeschen Dollar (0,68 Euro) pro Gramm Cannabis, dee bis zu 10 Dollar/g verkaf gëtt, ze erhiewen. Ass de Präis pro Gramm iwwer 10 Dollar, soll d’Tax ëm 10% majoréiert ginn.

Fiftyfifty?

Heibäi ass awer d’Iddi, de Cannabis zu engem „abordabele Präis“ unzebidden, net a Fro gestallt ginn. Esou gëtt verhënnert, datt e parallelle Marché vun der organiséierter Kriminalitéit kann opgebaut ginn.

D’Propose vum Premierminister ass et d’Recettë vun dëser Tax zu gläiche Parten tëscht der federaler Regierung an de regionale Regierungen ze deelen. Déi sinn domatter net averstane, well si d’Käschte vun der Kommerzialisatioun ze droen hätten, an dofir méi Geld missten zougestane kréien.

Heibäi ass awer d’Iddi, de Cannabis zu engem „abordabele Präis“ unzebidden, net a Fro gestallt ginn. Esou gëtt verhënnert, datt e parallelle Marché vun der organiséierter Kriminalitéit kann opgebaut ginn. Wien awer elo wéi vill vu wat soll kréien, dat gëtt en däregen Debat.

„Dat erënnert mech un zwee Vendeuren déi sech iwwert d’Opdeelung vun enger Kommissioun ënnerhalen, op enger Vente, déi se nach net gemaach hunn“, esou de Premierminister vu Manitoba, Brian Palister, mam Versuch verséinlech ze sinn.

Emol kucke wat erakënnt

An de Brian Pallister huet dann och e Virschlag dee Vernënfteg erschéngt: Et sollt een sech d’Käschte fir den Opbau vum Reseau einfach deelen. „Firwat vun enger Opdeelung vu Recette schwätzen, wann net gewosst ass wat erakënnt?“, esou de Premierminister vu Manitoba.

De Justin Trudeau sengersäits huet agesinn datt et „nach vill Diskussioune mat de Provënzen an Territoiren zum Niveau vun den Accisen an d’Opdeelung vun de Recette wäert ginn“. „Et ass mat héije Käschte verbonnen, de legale Kader an d’Erhiewe vun den Accise beim Cannabis op d’Been ze stellen“, esou de kanadesche Premierminister.

Hie betount awer och, datt d’Legaliséierung vum Cannabis net als Objektiv huet „Profit an Steierrecetten ze generéieren“.

mat AFP

Foto: (Archivbild 20. Abrëll 2016) Um „Parliament Hill“ war den nationale Marihuana-Dag gefeiert ginn, nodeems d’Regierung eng Legaliséierung an Aussiicht gestallt hat. D’Gesondheetsministesch Jane Philipott hat gutt Argumenter virgeluecht, dorënner d’Tatsaach, datt d’Kriminaliséierung vum Konsum ze streng an ineffektiv ass. © Chris Roussakis/AFP

Related topics Cannabis, Kanada
Next post Previous post