Search

You may also like

Wann d‘Wäibierger brennen…
International Neiegkeeten

Wann d‘Wäibierger brennen…

Un d‘Feier hu sech d‘Kalifornier scho bal gewinnt an esou

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!
International Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!

Sech de Gefore vun der afrikanescher Schwéngspescht stellen, se eescht

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren
International Neiegkeeten

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren

Wärend de leschte Wochen ass et duerch Dir-wësst-scho-wat immens roueg

Kanada legaliséiert ab dem 17. Oktober de Cannabis

Kanada legaliséiert ab dem 17. Oktober de Cannabis

Konsum a Kultur vum Cannabis ginn ab dem 17. Oktober a Kanada legal. Et gëtt dat éischt Land vum G7 dat de Konsum vun dëser „doucer“ Drog legaliséiert, fënnef Joer no Uruguay déi et als éischt op der Welt legaliséiert haten.

An et war dann och de kanadesche Premierminister selwer, deen, nodeems déi zwou Kummere vum Parlament de Gesetzprojet gestëmmt hunn, d‘Annonce gemaach huet. „Mir hunn eis engagéiert eise System ze verbessere fir eis Jonk besser ze schützen, an der organiséierter Kriminalitéit eng Verdéngschtméiglechkeet ze entzéien“, esou den Trudeau an der „House of Commons“.

De Justin Trudeau huet den Delai fir d‘Ëmsetzung vum Gesetz domatter erkläert, datt d‘Provënzen déi de Verkaf a genehmegte Geschäfter mussen organiséieren, sech hei méi Zäit gefrot hunn fir dat Gesetz an d‘Praxis ëmzesetzen. „Mir hunn de Provënzen déi eis ëm méi Zäit gebueden hunn nogelauschtert, a mir sinn domatter averstanen. Dofir gëtt ab dem 17. Oktober 2018 legaliséiert“:

Verbuede war de Cannabis a Kanada zanter 1923. Säit 2001 ass den Usage vu Cannabis zu wëssenschaftlechen oder therapeuteschen Zwecker schonn erlaabt. Elo sollen Erwuessener ab 18 oder 19 Joer, jee no Provënz, legal eng limitéiert Quantitéit kafen oder ziichten dierfen. All Haushalt kann esou bis zu véier Planze besëtzen, an eng Persoun bis zu 30 Gramm bei sech hunn.

Verantwortlech konsuméieren

Datt de Premierminister 2013 zouginn huet, ee puer mol mat Frënn en Joint gedämpt ze hunn, huet der Legaliséierung sécher net geschuet, mee et war d‘Noutwennegkeet d‘Trafikante vum Maart ze huelen, an de Schutz vun der Jugend, déi fir d‘Gesetz geschwat hunn.

„Eis Approche, déi sech op d‘ëffentlech Gesondheet bezitt, schützt eis Jonk besser, zerstéiert den illegalen Handel, a bitt den Erwuessenen eng legal Quell vu kontrolléiertem Cannabis“, esou déi kanadesch Gesondheetsministesch, d‘Ginette Petitpas Taylor. „D‘Sensibiliséierung vum Public ass awer wichteg, fir de Kanadier d‘Méiglechkeet ze ginn sech adequat ze informéieren“.

De Ralph Goodale, Minister fir ëffentlech Sécherheet warnt: „Fueren ënner Drogenafloss, esou wéi de grenziwwerschreidenden Transport si schonn illegal a bleiwen et och. Autofueren ënnert dem Afloss vu Cannabis ass immens geféierlech an et kann äert Liewe mat engem Wimpereschlag ruinéieren. Dofir: fuert net wann der segelt!“.

An de Justin Trudeau ass dann och iwwerzeegt, datt nom Kanada och nach aner grouss Länner dem Beispill wäerten nokommen. Verschidde Länner hunn erkannt datt de Kanada sech eppes traut a mat sech éierlech ass. De repressive System an d‘Prohibitioun hunn, ausser datt déi ganz jonk och vun der Drog profitéiert hunn an d‘Gauner méi räich gi sinn, net funktionéiert.

Geld fir de Staatshaushalt

Mam legale Cannabis kommen och Steieren eran. A Kanada geet ee vun enger fiskalescher „Plus-value“ vu ronn 400 Milliounen aus, dat bei engem op 7 Milliarde Kanada-Dollar geschätzte Maart.

Fir all Gramm Cannabis deen zu engem Präis vu bis zu 10 Dollar verkaf gëtt, gëtt een Dollar Accisen (65 Euro-Cent) erhuewen. Dovunner gi 25% un den federale Staat, de Rescht kréien d‘Provënzen. Dozou kënnt dann nach d‘TVA, déi jee no Provënz tëscht 10 an 15% leien. De Finanzminister Bill Morneau wëll de Präis niddreg halen, fir de Schwaarzmaart ze verhënneren.

Elo muss nach alles an d‘Wee gleet ginn, an déi ganz „Geschäftsinfrastruktur“ opgebaut ginn, fir datt dann och zum 17. Oktober d‘Gesetz a Kraaft triede kann. A ville Provënzen, dovunner ass auszegoen, dierft een sech un de Modell vun de Geschäfter, déi eng Genehmegung fir Alkohol ze verkafen hunn, orientéieren.

mat AFP

Foto: Zu Vancouver weist den autoriséierte Cannabis-Händler John Berfelo virum „Coffee-Shop“ wéi de Cannabis am beschte fir de Verkaf verpaakt gëtt. Douse mat „Kannersécherung“ wieren eng gutt Léisung, fir ze evitéieren, datt d‘Kanner sech dru vergräifen. © Jeff Vinnick/Getty Images/AFP

Related topics Cannabis, Ginette Petitpas Taylor, Justin Trudeau, Kanada, Ralph Goodale
Next post Previous post