Gusty Bausch hëlt de Mountainbike-Titel souverän
D‘Editioun 2017 vun der Mountainbike-Landesmeeschterschaft um Bruch, war, et kann
De Bernie Madoff war zu 150 Haft verurteelt ginn, well
Well et net kann domadder gedoe sinn, datt sech just
De Premierminister Justin Trudeau hat et am Wahlkampf ugekënnegt a wéi hie sech gëschter sech gëschter u seng Landsleit gewannt huet, wat d‘Annonce kuerz a prägnant: „Et gëtt weder e Notzen nach eng Plaz fir esou Waffen a Kanada“. Gemengt si Stuermgewierer, Modeller a Waffen déi een eenzegt Zil hunn, méiglechst vill Mënschen a kierzester Zäit ëmzebréngen.
An dat bescht dorunner: de kanadesche Minister fir ëffentlech Sécherheet, Bill Blair, huet erkläert datt de Maart fir esou Waffen am Land zou ass. Wien elo esou eng Waff besëtzt huet zwee Joer Zäit se ofzeginn. Si dierfen un den Hiersteller zréckgeschéckt oder exportéiert ginn, an d‘Regierung wëll sech esouguer beroden, ob eng „Entschiedegung“ fir d‘Waffebesëtzer méiglech ass.
Den Hannergrond fir dëst couragéiert duerchgräife vun der Regierung, huet den Amoklaf an der Provënz Nova Scotia duergestallt. De Justin Trudeau: „D‘Famillje vun den Affer brauche méi wéi Gedanken a Gebieter. (…) Fir vill Kanadier, virun allem Indigen Vëlker, gehéiere Waffen zu hirer Traditioun an déi allermeeschte benotzen se Verantwortungsvoll“.
A seng Stellvertriederin Chrystia Freeland stellt dozou fest: „Kee brauch e Stuermgewier fir op d‘Juegd ze goen. Dës Waffe maachen et méi liicht ee Massemord ze begoen. De Fetisch ëm Si mécht d‘Land besonnesch fir déi Verletzlechst vun der Gesellschaft méi geféierlech: an dat si Fraen a Meedercher“. Alles gutt a fundéiert Argumenter eppes ze änneren…
Mee och a Kanada gëtt et politesch Waffefetischisten. Ee dovunner ass de Virsëtzende vun der oppositioneller Konservativer Partei, Andrew Scheer. Hien huet dem Premierminister virgeworf, d‘Gefillslag nom Attentat auszenotzen, fir déi ideologesch Agenda vun de Liberalen ëmzesetzen an eng ongeheierlech Reform vum Waffegesetz duerchzesetzen.
Dës Positioun gëtt an den USA vun der „National Rifle Associatioun“ (NRA) ënnerstëtzt. E Veräin un deem sech och „d‘Helde vu Michigan“ festhalen. An d‘NRA ass elo ganz konfus, well eng Regierung ee Gesetz duerchsetzt, datt vun 80% vun de Bierger ënnerstëtzt gëtt. Si sinn et gewinnt mat Geld oder politeschem Drock, hir Interessen duerchgesat ze kréien.
mat indymedia/ott/qbq
Illustratioun: © Denise Jans / unsplash