Search

You may also like

Covid19-Rekordwäerter an Europa
Neiegkeeten Stories

Covid19-Rekordwäerter an Europa

Ëmmer méi Länner an der Europäescher Unioun mellen nei Héchstwäerter

Jemen um Rand vum Ënnergang
Neiegkeeten Stories

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit
Neiegkeeten Stories

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit

Si ass do, egal wéi déif en de Kapp an

D’Kand an Iech – Loosst et eraus!

D’Kand an Iech – Loosst et eraus!

Mir hunn all en klengt Kand an eis. Leider hunn déi meescht vun eis hunn dat just vergiess. Dobäi spillen traumatesch Erfarungen dacks eng wichteg Roll. Dëst Kand an eis ze heelen, kann eist Liewe allerdéngs méi glécklech a liicht maachen. Et sëtzt an eis a waart just drop e bësse Léift ze kréien sou datt mir d’Welt nees an all senge Faarwe kënne gesinn.

Hei sinn e puer Tipps, déi Iech hëllefe kënnen, dat bannenzegt Kand nees erauszeloossen. Dat funktionéiert natierlech nëmmen, wann Dir bereet dozou sidd. Wahrscheinlech kommen och e puer negativ Gefiller an Erënnerungen op.

  • Fir unzefänken: Hutt Gedold, et wäert sech lounen.
  • Sidd kreativ – probéiert Iech drun ze erënneren, wat Dir als Kand gäre gemaach hutt. Entfaalt dës Freed um Kreativ-sinn erëm an hutt Spaass. Dir musst keen Erfolleg hunn, hei geet et just ëm Freed an Inspiratioun.
Kand© Bernard Hermant / Unsplash

  • Stellt Iech e Moment aus Ärer Kandheet vir. Schwätzt mat Ärem bannenzege Kand, lauschtert op seng Bedierfnesser, huelt et an den Aarm a sidd empathesch – esou ewéi Dir et deemools gebraucht hätt.
  • Frot Iech, wat d’Kand an Iech haut nach brauch. Déi onerfëllte Besoinen aus der Kandheet kënnt Dir ausfëllen, andeems Dir auslieft, wat deemools verbuede war.
  • Schreift Är Gefiller an engem Tagebuch op. Alles wat Är Séil belaascht. Oder Saachen, déi Dir Ärem Kand gären emol soe wéilt. Do kënnt Dir alles lassginn!
  • Akzeptéiert Gefiller déi opkommen a loosst se eraus. Blessure bei Kanner gi bei jidderengem anescht verschafft. Traumatesch Erënnerunge sinn fir déi eng schlëmm, mä fir anerer villäicht net. Dofir soll Dir ni iwwert  friem Erliefnisser uerteelen.
Kand©Annie Spratt / Unsplash

  • Probéiert ze verzeien. Net nëmmen Iech als Kand oder dem Mënsch, deen Iech Péng ugedoen huet, mä och Iech als Erwuessenen, deen dës onangenehm Gefiller an Erënnerungen entweder verdrängt huet oder se nach ëmmer um Bockel dréit.
  • A verbréngt Zäit mat Iech selwer. Zitt Iech bewosst zeréck. Zäit mat ons eleng ass wichteg, fir ze fillen. Fillt och Äert Kand a probéiert ze verstoen, wat et Iech soe wëll! Loosst Iech drop an.

Kontroll, Sucht, Muecht, Unerkennung, d’Bedierfnes no Harmonie, Hëlleflosegkeet a vill aner Verhalensweise sinn Unzeechen dofir, un der Heelung vun dësem Kand ze schaffen. 

Dir packt dat!

Opmaacherbild: Laacht och emol iwwert Iech selwer. D’Liewen ass net ëmmer eescht! © Daniel Hohe

Related topics Bannenzegt Kand, Bedierfnes, Harmonie, Kand an eis, Liewensfreed, Tagebuch, Trauma, Verzeien
Next post Previous post