E staarkt Benevolat am Naturschutz – Wunnraum fir d’Vullen
T’ass Immobiliekris zu Lëtzebuerg! D’Sich no de gëeegente véier Wänn
T’ass Immobiliekris zu Lëtzebuerg! D’Sich no de gëeegente véier Wänn
A Präsenz vum Taina Bofferding, Inneministerin a Ministerin fir d’Gläichstellung vu
Nodeems Lëtzebuerg fir 2013-2014 eng éischte Kéier e Sëtz am Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen hat, soll elo op nationalem an internationalem Niveau den Engagement zum Schutz vun de Mënscherechter weider verstäerkt a vertruede ginn. „Mir sinn iwwerzeegt, dass mir en nëtzleche Beitrag bei der Fërderung vun de Mënscherechter am Rot leeschte kënnen“, erkläert de Minister Asselborn.
Dobäi dréien d’Prioritéiten, fir déi Lëtzebuerg sech asetze wëll, ëm folgend 4 Haaptachsen:
Den Dossier zur Kandidatur vu Lëtzebuerg fannt Dir HEI.
Am Joer 2006 ass de Rot vun de Mënscherechter gegrënnt ginn a stellt dat tëschestaatlecht Haaptorgan vum System vun de Vereenten Natiounen duer. Zil ass et weltwäit Stäerkung a Schutz vun de Mënscherechter ze garantéieren, bei Verstéiss d’Ielebéi auszefueren, Recommandatiounen zum Thema ze ginn, Froen a Situatiounen ze analyséieren.
De Rot trëtt sech 3 Mol am Joer fir gewéinlech Sitzungen zu Genf (Februar-Mäerz, Juni-Juli, September). Sollt een Drëttel vun de Memberstied et verlaangen, kann zousätzlech eng ausseruerdentlech Sitzung aberuff ginn, fir esou Verstéiss an Noutfäll ze behandelen.
Aktuell besteet de Rot aus 47 Memberstaaten,déi bei der Generalversammlung vu Vereenten Natiounen zu New York gewielt ginn. Dobäi kann all Memberstaat vun de Vereenten Natiounen als Beobachter un den Diskussioune vum Rot deelhuelen. E Vott ofginn an aktiv matbestëmmen ass allerdéngs just de Membere virbehalen.
Opmaacherbild: © MAEE