Kann ee Mënscherechter Leasen? (kommentéiert)

Am Emirat Katar huet et masseg Goss, a wann d‘Scheichen sech hir „Frënn“ kafe kënnen, mat Pëtrodollaren eleng, kann ee säin humanisteschen Defizit net iwwerdecken

Datt dem Katar d‘Fussballweltmeeschterschaft zougestane ginn ass, huet masseg Grënn, leider ass net een eenzeg gudden derbäi. Et geet ëm Geldzommen datt esouguer bei Rothschilds den Tresorier dronke gëtt, natierlech och ëm Weltpolitik a schlussendlech ëm déi privat Interessen, engersäits vun de Gestionnaire vum Weltverband FIFA, an déi vun den Partner-Natiounen.

Elo dierf ee sech net wonneren, dat war schonn ëmmer esou a just well den Informatiounsfloss elo besser ginn ass, loossen sech d‘Verbriecher aus Sport a Politik net an d‘Handwierk fuschen. Esou ass et verständlech, datt déi fanatiséiert Hooligans voll euphoresch der WM entgéint féiweren an sech, well geeschtlech schonn eppes mannerbemëttelt, op Idoler an net op Rechter konzentréieren.

Hei léisst sech da schonn erkennen, datt déi grouss „Charming“ Marketingcampagne vum Katar net vu schlechten Elteren ass. Elo kann ee bedaueren, datt d‘Sportverbänn – och déi an deene Länner wou d‘Gléck haten sech net qualifizéiert ze hunn – keng Bedenken hunn, a wann dës garantéiert net an de Ëffentlechkeet zum Ausdrock bréngen. Anersäits wat këmmert déi d‘Leed am Wüüstestaat?

Et ass am Sport wéi an der Wirtschaft ganz allgemeng: Millioune Mënsche suerge fir Profitter a Milliardenhéicht an esou ee Benefice léist sech scheinbar net hierstellen, wann ee Mënsche mam néidege Respekt behandelt. An esou onverstänneg wéi een am Alldag sengem Konsum nokënnt, esou onverantwortlech verhält ee sech géintiwwer gewësse Sportaarten. Sech a Fro stelle geet net.

D‘Zivilgesellschaft muss et riichten

Datt een an dësem Kontext wierklech nach just Mënscherechtsorganisatiounen huet, déi op den am Katar agéierende Verbriecher: also engersäits d‘Scheiche selwer, déi vill Entreprise wou d‘Stadien a soss Infrastrukture fir d‘Fussball-Weltmeeschterschaft opriichten, de Virstand an d‘Salariée vun der FIFA, wéi d‘Presidente vun den nationale Verbänn an natierlech d‘Sportminister, grad an der EU…

Et ass déi modern Versioun vun „Brout & Spiller“. An dat fir eng Sportaart, déi nieft dem Spillfeld méi Gewalt an Ausenanersetzunge mat sech bréngt, wéi dat allgemeng bei Protester géint eng schlecht Politik de Fall ass. Esou kann een nëmme begréissen, datt et nach ONGe wéi beispillsweis Amnesty International (AI) huet. Si beliichten déi däischter Säit vun der FIFA-Weltmeeschterschaft.

Mee wat këmmert et de fussballpassionéierte Mënsch, datt am Katar d‘Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn. Dat Fraen ënnerdréckt an Homosexueller mat aller verfügbarer Gewalt ënnerdréckt ginn? Fussballfans sinn, eleng duerch hire Beholl, vollkommen averstanen domadder, datt déi Leit wou do „schaffen“ maximal ausgebeut a mësshandelt ginn. Haaptsaach et gëtt Fussball gewisen.

Dat erkläert da wuel och, firwat et der absolutter Majoritéit vun de Mënsche ganz egal ass, wéi et stattfënnt, esou laang wéi et stattfënnt. Dobäi ass Fussball fir d‘Vertrieder vum friddlechen Islam, der Pëtrolswirtschaft (OPEC) an nohalteger Finanzindustrie, eenzeg an eleng eng politesch an och wirtschaftlech Ugeleeënheet. (Dat ass et iwwregens fir all d‘Fonctionnaire vu der FIFA an UEFA)

Eppes um gëllene Käfeg gerëselt

Am Katar liewen, entspriechend den offiziell zougänglechen Zuelen, ronn 2,8 Millioune Mënschen. Manner wéi 300.000 dovunner si Staatsbierger (wien den Auslännerundeel bei eis am Land fir net ausgeglach hält…). Well et och de Scheiche bekannt ass, datt Gas & Pëtrol endlech Ressource sinn an zuweile Bedarf u Verännerunge besteet (COP26) ass et un der Zäit seng Assets nei opzestellen.

Esoulaang d‘Tresoren nach voller Geld, Gold a Fonctionnaire sinn, muss ee seng Netzwierker a Relatiounen ausbauen a fleegen. D‘Scheiche kafen alles wat sech mat Geld kafe léist, investéieren awer manner an Industrie wéi an de Sport. Also net all Sport, just déi Sportaarten, déi eigentlech just kommerziell Evenementer sinn a maximale Profit verspriechen. Dat ass mam Fussball esou.

An d‘Scheichen am Katar, hunn och regional Problemer. D‘Kinnekräich Saudiarabien – dat zwar wirtschaftspolitesch a mënscheveruechtend genee op der selwechter Linn wéi de Katar geleeën ass – géif sech de Katar „aus Grënn“ gären averleiwen. Dofir sichen d‘Scheichen am Katar net nëmmen de sportlechen Zesummenhalt mat den Europäer, mee och de kulturellen Echange soll besser ginn.

Huet et bis Partnerschafte mat europäesche Fuerschungsariichtungen, Universitéiten a Muséeën, da schützt ee sech zumindest eppes virun engem direkten Ugrëff. De staatlech Sender „al jazeera“ ass ee probat Propagandaorgan, déi national Fluchgesellschaft „Qatar Airways“ eng genial Visitekaart an awer geet dat net duer. Et riicht sech no nëmmen un déi schéin an déi räich vun dëser Welt.

Mat Fussball awer erreecht een d‘Häerzer vun de leschten Hongerleider, also eigentlech genee deene Leit, deenen d‘Scheichen am allgemengen net emol den Dreck ënnert dem Fangernol vergënnen. Déi europäesch Politiker si beméit ze erklären, datt d‘Fussballweltmeeschterschaft dem Land zu politesche Reforme verhëlleft. Dat ass zwar eng Ligen, mee eng vun de lukrativen…

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © FIFA

Dernières nouvelles