Kann Literatur hëllefen, eis negativ Stëmmungen ze iwwerwannen?

Scho fir déi al Griiche ware Bibliothéike Raim, wou d’Séilen heele kënnen. Och hautdesdaags ass Literatur en therapeutesch Instrument, wat eis hëllefe kann, Depressiounen an negativ Verstëmmungen ze iwwerwannen.

E Buch ass nämlech méi wéi eng Welt, et si Reesen déi zum Nodenken ureegen.

Wärend dem éischte Weltkrich huet en an de brittesche Spideeler d’Virdeeler vun der Literatur entdeckt. Vill Zaldoten hunn hier Rou erëmfonnt, nodeems d’Dokteren hinne Bicher zur Auswiel gestallt hunn.

Literatur – et ass e besonnescht a wäertvollt Mëttel, fir eise Geescht erëm a Form ze bréngen. Bicher hëllefen eis ze heelen a Fridden ze fannen. Literatur verännert Perspektiven – ob ee wëll oder net, wärend dem Liesen entwéckelt een Empathie fir d’Protagonisten.

De Geescht entspaant sech a fënnt Fridden andeems e sech mat der Geschicht an den Emotioune verbënnt. Dës weideren sinn d’Geschichten, déi d’Protagonisten erliewe voller Verännerungen – a genee dat brauch e Mënsch mat negative Verstëmmungen.

E Roman (oder Lyrik) bitt d’Méiglechkeet aner Bléckwénkel unzehuelen an erëm an d’Zukunft ze kucken, Zieler, Wënsch an an Dreem ze verfollegen.

Eigentlech ass Literatur keen Uert fir sech zeréckzezéien, et ass éischter ëmgedréit. Et ass en Auswee, eng Dier déi eis erlaabt op déi aner Säit ze trieden a méi staark ze ginn.

No all Buch ännert sech eppes an eis, mir entdecken aner Méiglechkeeten an organiséieren Iddien.

Dofir ënnerschätzt op kee Fall d’Muecht vun engem gudde Buch, e kann e fantastesche Frënd ginn. Mir mussen eis just drop aloossen.

Dernières nouvelles