Search

You may also like

Géigewand um Fluchhafen
Meenung Neiegkeeten

Géigewand um Fluchhafen

Mat engem eechthaft ze erwaardende Streik vun de Kontroller vun

money
Partnerschaft tëscht Cargolux an Emirates Skycargo
Meenung Neiegkeeten

Partnerschaft tëscht Cargolux an Emirates Skycargo

Zu München gouf en Dënschdeg tëscht der Cargolux an Emirates

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader
Meenung Neiegkeeten

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier

D’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonke steet bei all Enseignant am Mëttelpunkt!

D’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonke steet bei all Enseignant am Mëttelpunkt!

SEW/OGBL a Landesverband ënnerstëtzen den Educatiounsminister a sengem Bestriewe fir d’Schoulen, esou laang wéi d’Entwécklung vun der Pandemie et erlaabt am Präsenzunterrecht ze halen.

Am alldeeglechen an direkte Kontakt mat de Schüler gesinn d’Enseignanten d’Evolutioun vun der Pandemiemiddegkeet bei de Kanner an de Jonken a warne schonn zënter méi laangem virun de méigleche Konsequenzen. Statt sech op hir Käraufgabe konzentréieren ze kennen an ze versichen hir Schüler beschtméiglech duerch dës schwéier Zäit ze bréngen, ginn d’Léierpersounen all Dag mat neien, zousätzlechen oft wéineg sënnvollen Aufgaben zougeschott.

Ziel heivunner ass vill manner d’Wuelbefanne vun de Kanner an de Jonken, wéi eng gutt Duerstellung no bausse mat spektakulären Annoncen a Fassaden-Mesuren. D’Regionaldirektiounen notzen d’Gonscht vun der Stonn fir sech um Ministère ze profiléieren andeems se d’Schoulen aus hire Regiounen Alternativpläng, nei Schoulorganisatiounen, Regroupéierunge vu Kanner, oder reegelrecht „Krisen-Plan d’Etudes“ ausschaffe loossen.

Et muss also alles gemaach gi wat méiglech ass, fir ze evitéieren, datt de Virus sech an der Schoul verbreet. De Minister huet a senger leschter Pressekonferenz eng Rei Mesuren ugekënnegt, déi de Kanner an den Enseignante sollen e gewësse Schutz garantéieren. E ganzt Joer no Ausbroch vun der Pandemie muss de SEW/OGBL allerdéngs feststellen, datt nach ëmmer kee Gesamtkonzept elaboréiert ginn ass.

Am Dezember war versprach ginn, datt d’Schoule mat CO2-Miessapparater géingen equipéiert ginn. A ganz ville Grondschoule goufen d’Apparater elo eréischt an de leschten Deeg geliwwert, zäitgläich mat de Fréijoerstemperaturen. D’Strategie vum Minister fir de Virus an der Schoul a Schach ze halen, baséiert haaptsächlech op zwee Pilieren: eng allgemeng Maskeflicht a Schnelltester, déi d’Presenz vum Virus an de Schoule séier detektéieren a Cluster vermeide sollen.

Schnelltester sinn am Moment nach keng do an et ass nach kee konkreten Zäitplang bekannt, wéini an ob iwwerhaapt mam Asaz vu Schnelltester an de Schoulen ze rechnen ass. Wichteg Froen am Kontext vun de Schnelltester sinn nach net diskutéiert ginn, wéi zum Beispill:

  • Wéi soll op e positive Schnelltest an der Schoul konkret reagéiert ginn?
  • Gëtt d’Teststrategie an de Schoulen op d’Schnelltester adaptéiert?
  • Wéi effikass kënnen d’Resultater vun de Schnelltester verifizéiert ginn?
  • Wien ass responsabel fir d’Tester mat de Kanner ze maachen?
  • Wéi dacks sollen déi gemaach ginn?
  • A wéi zäitopwänneg ass d’Ausféierung bis hin zum Resultat?
  • Ginn déi Tester obligatoresch? Et muss eng Campagne initiéiert gi fir d’Akzeptanz bei den Eltere fir d’Schnelltester ze garantéieren.
  • Wéi ass de Status vu Kanner, déi net un den Tester deelhuelen?

Eng ganz Panoplie vu Froe sinn nach net gekläert oder kommunizéiert. D’Maskeflicht ass bis elo déi wichtegst an eenzeg effikass Mesure fir ze verhënneren, datt d’Kanner sech an d’Enseignanten ustiechen an de Virus verbreeden. Rappelléiere mir just, datt meng Mask haaptsächlech mäin Noper schützt an och wa Kanner meeschtens asymptomatesch bleiwen, d’Léierpersonal an d’Eltere riskéieren eeschtlech krank ze ginn.

Déi ugekënnegt Maskeflicht an de Klassen ass awer juristesch net haltbar an huet missten op eng Recommandatioun reduzéiert ginn. De Ministère huet bis elo awer leider net all Enseignanten iwwert dëse Fait informéiert an et gëtt och keng sënnvoll Mesure fir de Fall, datt Elteren net d’Accord sinn, datt hir Kanner dauernd Masken droen. D’Schoule brauche Kloerheet a juristesch Sécherheet fir de Schutz vu Kanner a Léierpersonal.

Vun deenen zwou wichtegst Mesuren, déi de Minister ugekënnegt huet fir de Präsenzunterrecht ze garantéieren, ass am Endeffekt bis elo nach keng realiséiert ginn. Vill Kanner leiden ënnert der Covid19-Situatioun brauchen a professionell psychologesch Betreiung. Amplaz e Konzept auszeschaffen, fir an de Schoulen eng psychologesch Ënnerstëtzung vu Kanner a Famille mat geschoultem Personal ze organiséieren, huet de Educatiounsminister eng bëlleg a fir hien einfach Léisung fonnt. D’Enseignante mussen d’Elteren (all zesummen) an eng Team-Versammlung ruffen, dëst nach eemol kuerz virun de Bilansgespréicher, déi souwisou zum Schluss vum Trimester uleien.

Enseignante si keng Psychologen a keng Familljentherapeuten. Esou eng onprofessionell a penibel Veranstaltung muss den Elteren an den Enseignante erspuert ginn. De SEW/OGBL verlaangt, datt dës Mesure direkt erëm zeréckgeholl gëtt.

Fir d’Schoule méiglechst am Präsenzunterrecht ze halen an d’Famillen ze schütze sollt een, wann déi ganz wichteg Leit aus de Verwaltungsréit all geimpft sinn, net ze laang waarde fir och den Enseignanten eng Impfung ze proposéieren.

De SEW/OGBL bedauert och, datt de Minister un de standardiséierten Epreuven am Kader vun der Prozedur vum Passage vum Fondamental an de Secondaire am C4 festhält. Déi berüchtegt Tester sinn net un d’Retarden am Programm adaptéiert ginn, déi duerch déi laang Woche vum Confinement an deene leschten zwee Schouljoren noutgedrongen an de Klassen entstane sinn.

De Risiko besteet, dat eenzel Kanner oder ganz Klasse virun oder wärend der Testphas a Quarantaine gesat musse ginn. Deen zousätzlechen Drock hätt de Kanner an de Famillen an dëser schwiereger Situatioun kënnen erspuert ginn. D’Tester sinn nämlech nëmmen ee vu villen Elementer vun der Orientéierungsprozedur, déi och schonn d’lescht Joer ouni d’Tester funktionéiert huet.

D’Enseignante um Terrain schaffe mat ganzem Asaz fir de schouleschen a psychesche Besoine vun de Kanner gerecht ze ginn. Si bleiwen dem Stress ausgesat, ni ze wësse wéi hiren Unterrecht an deenen nächsten Deeg a Woche muss eventuell ëmorganiséiert ginn. Statt brevetéiert Personal zousätzlech an d’Schoulen ze schécken, huet de Ministère eng ganz Rei Leit rekrutéiert, déi net emol eng minimal Qualifikatioun mussen hunn an elo an de Schoulen intervenéieren.

Fir d’Lacunnen ze reduzéiere schaffen also entretemps komplett onqualifizéiert Leit mat de Kanner, statt déi sëllegen „Experten“ zeréck op den Terrain ze schécken. Vill Servicer vum Educatiounsministère wéi zum Beispill d’Regionaldirektiounen an den IFEN (Center fir d’Weiderbildung) schéngen awer nach ëmmer an enger Parallelwelt ouni Kris ze funktionéieren.

Amplaz d’Enseignanten an hirer exzeptionell komplizéierter Tâche ze ënnerstëtzen, gëtt do stur de „business as usual“ weidergefouert wou mat iwwerflësseger Bürokratie, „Coding“ a PDS (Schoulentwécklung) d’Enseignante zousätzlech belaascht ginn, respektiv d’Leit musse Formatioune matmaachen, wéi wann ni eng Kris stattfonnt hätt.

Et bleift an der Praxis dobäi, datt de Schoulsystem der Entwécklung vun der Pandemie ausgeliwwert bleift, an d’Vakanzen zu Wellebriecher mutéiert sinn. Do bestëmmt de Ministère ëmmer a leschter Minutt ob virgezunn oder verlängert gëtt, an dëst a Form vun „enseignement à distance“ – ouni datt d’Enseignanten sech an hir Schüler anstänneg drop virbereede kennen.

De SEW/OGBL verlaangt, datt endlech Neel mat Käpp gemaach ginn an déi ugekënnegt Mesuren an de Schoulen och konkret ëmgesat ginn. Wann de Virus onkontrolléiert an de Schoulen zirkuléiere kann, dann huet dat och eng staark Inzidenz op seng Verbreedung an der Gesellschaft.

De SEW/OGBL verlaangt, datt endlech en Ëmdenke kënnt an d’Enseignant hir Energie an Zäit kënne ganz an den Déngscht vun der Aarbecht mat de Kanner stellen. D’Belaaschtung vum Zouschëdde mat onnëtzen a topegen Aufgabe muss ophalen! Här Minister, schützt äert d’Personal an är Schüler!

Matgedeelt vum SEW/OGBL, den 5. Mäerz 2021

Illustratioun: © Mira Kireeva / unsplash

Related topics Claude Meisch, Covid19-Pandemie, Educatiounsminister, Enseignement, Landesverband, SEW-OGBL
Next post Previous post