Kanner aus dem Exil sinn och Kanner

Opmannst fënnef Kanner hunn hiert d’Liewen an deem Drama verluer, wat sech nëmmen e puer Séimeile vu Calais, enger Hafestad zu Frankräich, ofgespillt huet.

Ee Schlauchboot hat Dosende vu Mënschen op hirer Flucht transportéiert. Bemol ass d’Boot ënnergaangen, d’Mënsche sinn an dat äiskaalt Waasser gefall an hunn ëm hiert Liewe gekämpft. Eis Institutiounen denoncéieren zanter Joren schwéier Verstéiss vun de Grondrechter vu Migrantekanner, sief dat eleng oder mat hire Familljen.

Et deet eis leed, datt déi meescht Grondrechter deeglech verletzt ginn. Dat ass beim Recht op d’Liewen de Fall, beim Recht kenger onmënschlecher Behandlung ausgesat ze ginn, d’Recht virun all Forme vu Gewalt geschützt ze ginn, d’Recht op Asyl, d’Recht op uerdentlech Liewensbedéngunge an d’Recht op eng Gesondheetsversuergung.

Et sinn esou vill Rechter, déi Mannerjäreg garantéiert musse kréien. An dat iwwerall, onofhängeg vun hirer Nationalitéit oder Verwaltungssituatioun. An all Land, an deem mir eis fir d’Anhale vun der Internationaler Konventioun fir d’Kannerrechter asetzen, sti mir viru gewaltege Problemer. Duerch dës Tragedie, déi onschëllege Kanner d’Liewe geholl huet, ass de Schuet nach méi siichtbar. Et ass egal ob d’Kanner eleng oder mat dee Famill flüchten, aus Krichsgebitter kommen, oder aus Länner déi schonn un den éischten Auswierkunge vun der Klimakris leiden – si all hunn d’Recht, datt d’Moossname vun der Sécherheetspolitik uerdnungsgeméiss ëmgesat ginn.

Vum Mëttelmier bis zu de Stränn vu Calais oder Douvre – et ass iwwerall déi selwecht Verwüstung. Verluere Kanner, ouni Hëllef a Lageren agespaart. Si waarde Méint, wann net Joren op eng Léisung. Ouni dës ass weidere Liewensprojet méiglech. Déi vill repressiv Sécherheetsmoossnamen, déngen nëmmen dozou hier Mobilitéit anzeschränken. An dat ass eng Verletzung vun allen unerkannte Kannerrechter.

De Mënschenrechtskommissar vum Europarot, den Dunja Mijatovic huet drun erënnert, datt d’Memberstaaten Stellung bezéie mussen a sech géint illegal Pushbacks wiere mussen. Op der Flucht setzt een dës verluere Kanner all méigleche Geforen aus.

*matgedeelt vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher

Dernières nouvelles