Search

You may also like

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin
Neiegkeeten

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin

Nom Récktrëtt an der Flucht vum fréiere President Evo Morales,

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den zweeten Dag
Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den zweeten Dag

Um zweete Spilldag zu Buenos Aires muss sech Tennisspillerin Eléonora

money
What the Fakt: Viru 70 gouf mam GATT de Grondstee vun der Globaliséierung geluecht
Neiegkeeten

What the Fakt: Viru 70 gouf mam GATT de Grondstee vun der Globaliséierung geluecht

Nodeems et 1947 net méiglech war de Plang fir eng

Kanner hunn och Rechter

Kanner hunn och Rechter

Den Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand (ORK) huet gëschter den zoustännege Kommissioune säi Rapport 2019 virgeluecht an deem 56 Recommandatiounen an Observatiounen enthale sinn, déi sech op d‘Rechter vun de Kanner bezéien.

Ënnert dësen dann och d‘Empfeelung d‘Kanner méi a besser an d‘Ausschaffe vu Gesetzer an der Politik am grousse Ganzen anzebannen. Et geet och ëm méi Schutz fir déi Kanner déi vun haislecher Gewalt betraff sinn an de Mannerjäregen, déi an enger Opname-Famill ënnerbruecht sinn.

Am Rapport gëtt den Akzent dann och ganz besonnesch op de Respekt vun de Virgabe geluecht, déi vum UN-Comité fir d‘Rechter vum Kand zu Genève ausgeschafft gouf. Zudeem ass d‘Regierung ugehale ginn, 2020 e periodesche Rapport zur Ëmsetzung vun de Kannerrechter virzeleeën.

Interessant ass, datt den Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand och wënscht, datt d‘Regierung säi Virbehalt zu gewëssen Artikele vun der internationaler Konventioun vun de Kannerrechter (Avortement, anonym Gebuert oder d‘Recht sech zesummenzedoen) opgëtt. Ervirzehiewe sinn nach d‘Kapitel zur Gewalt géint Kanner, dat familiäert Ëmfeld, d‘Rechter vun de Kanner am Sport an och nach d‘Ausbildung.

Dëse Rapport, deen dem Chamberpresident schonn am November iwwerreecht ginn ass, dierft awer dee leschten an dëser Aart a Weis gewiescht sinn. Mam Gesetzprojet 7236 soll jo en neie System agefouert ginn. Aus dem ORK gëtt dann den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, an dës Institutioun soll der Chamber ugeschloss ginn.

Foto: Lisa Runnels / Pixabay

Related topics Gesetzprojet 7236, Ombudscomité fir Kannerrechter, ORK, Rapport 2019
Next post Previous post