Search

You may also like

Polen am Sträit mat Bréissel
Neiegkeeten

Polen am Sträit mat Bréissel

Iergendwann geet et duer an et muss een duerchgräifen. No

Esch Uelzecht: ArcelorMittal dréit mat Gewalt géint eng symbolesch Aktioun
Neiegkeeten

Esch Uelzecht: ArcelorMittal dréit mat Gewalt géint eng symbolesch Aktioun

D‘Ukënnegung vun enger symbolescher Aktioun am Schlassgaart, schéngt de Verantwortleche

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Dezember an 3. Januar
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Dezember an 3. Januar

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech

Wéi ee Chrëschtmäerchen fir de Kanner- a Jugendtelefon

Mat fantasteschem fräiwëllegen Engagement fir de Service

Wéi ee Chrëschtmäerchen fir de Kanner- a Jugendtelefon

De Kanner- a Jugendtelefon weist sech immens houfreg iwwert säin neiste Projet, bei deem d’Tessy Antony De Nassau d’Schiermherrschaft iwwerholl huet. Entstanen ass ee Video, deen op Alldagserfarunge vu jonke Mënsche baséiert. Ënnerhalb vun annerhallwem Mount konnt de Projet dank dem groussen Engagement an der effizienter Kooperatioun vun alle Partner op d’Been gestalt ginn.

Mat hirem Engagement an dësem Video wëlle Jugendlecher anere Kanner a Gläichaltregen Courage ginn, fir a belaaschtende Situatiounen net eleng ze bleiwen. Op de Kanner- a Jugendtelefon (KJT) kann een zu all Zäit als Ressource zeréckgräifen.

D’Tessy Antony de Nassau ënnerstëtzt de Kanner- a Jugendtelefon als Botschafterin a bréngt de Service mat senge Méiglechkeete bei d’Zilgrupp. Dobäi encouragéiert si Kanner a Jugendlecher fir sech Hëllef ze sichen, wa si der brauchen. Als bekannt Perséinlechkeet vum ëffentleche Liewen zu Lëtzebuerg engagéiert d’Tessy Antony de Nassau sech an der Gesellschaft („Professors Without Borders / Finding Butterflies“ – Organisatioun zur Stäerkung vun der Bildung vu Fraen), an ass selwer Mamm vun zwee Kanner, dem Prënz Louis an dem Prënz Gabriel.

Donieft war et d’Europaschoul I, déi duerch den Direkter Martin Wedel vertruede gouf, déi als Partner gewonne konnt ginn. Och d’Adeline Grünhagen huet sech als Professorin am Lycée dozou bereet erkläert, fir mat hirer Klass ze Projet auszeschaffen a matzewierken. Dobäi kënnt nach RTL Luxembourg als Sponsor, sou wéi déi fräiwëlleg Ënnerstëtzung vun der Projetsmanagerin, der Produktiounsfirma „CrossFire Productions“, dem Fotograf Kaori Jolliffe an der Pianistin Nika Nizza.

Zum Service

De KJT ass déi national Helpline fir Kanner a Jugendlecher. Ëmmer dann, wann et schwiereg gëtt, kënnen si de KJT kontaktéieren: Per Telefon iwwert den 116 111 oder online iwwert www.kjt.lu. D’Theme sinn immens diversifizéiert. Vu Konflikter mat den Elteren, Frënn oder Geschwëster, Mobbing oder Cybermobbing, Sexting, psycheschem Drock, Depressiounen, suizidale Gedanken, engem gerénge Selbstvertrauen oder och Sucht a Mëssbrauch reagéiert de Service flexibel op d’Erzielungen an hëlleft Brécken ze bauen.

Mat engem oppenen Ouer solle Kanner a Jugendlecher sech mat hire Froen a Problemer net eleng gelooss fillen, Suergen an Ängschten direkt uschwätzen. De Grondgedanke vum virgestallte Projet ass et dofir, esou vill Kanner a Jugendlecher wéi méiglech mat der Offer ze erreechen. Si solle wëssen, datt et de KJT gëtt, op dee si a Krisenzäiten zeréckgräife kënnen.

De Service vum KJT steet engem gratis, direkt, anonym a vertraulech zur Verfügung.

Related topics Crossfire Productions, Europaschoul, Film, Hëllef, Kanner- a Jugendtelefon, KJT, Problemer, Telefon, Tessy Antony De Nassau, Video
Next post Previous post