Search

You may also like

Vereedegung vum Sëller Buergermeeschter an engem Schäffen
Neiegkeeten

Vereedegung vum Sëller Buergermeeschter an engem Schäffen

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 8. Februar 2019 ass de

Schluss mat dem Organisatiounschaos am Fondamental
Neiegkeeten

Schluss mat dem Organisatiounschaos am Fondamental

Wéi ugekënnegt gouf, dass de Fondamental de 25. Mee géif

Naturmusée-Fest 2021: E léierräicht Evenement fir Kleng a Grouss
Neiegkeeten

Naturmusée-Fest 2021: E léierräicht Evenement fir Kleng a Grouss

Den Naturmusée, seng Missiounen an Offeren entdecken, e Bléck hannert

MENJE: Kanner virum Grooming protegéieren

MENJE: Kanner virum Grooming protegéieren

Am Zäitalter vum Smartphone ginn ons Kanner ëmmer méi fréi mam Internet konfrontéiert. Och wann ons Léifst hei eng schnell Informatiounsquell hunn gi si leider och ville Geforen ausgesat. Eng vun dëse Geforen ass de Grooming.

Aus dësem Grond huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, eng Campagne géint de Phenomen vum Grooming lancéiert. Déi riseg Affiche zur Sensibiliséierung leet d’Kanner an déi Jugendlech virun op wichteg Internetsitten, mee och d’Eltere kënnen hei Rotschléi fannen, fir hir Kanner am Beschten ze preparéiere fir um Internet méiglechst wéinege Geforen ausgesat ze sinn.

Wien interesséiert ass fënnt hei essentiell Informatiounen zur Handhabung vun de bekanntsten Applikatiounen, sou wéi och Detailer zu nationalen Hëllefsinstitutiounen an Organisatiounen, déi een am Noutfall, oder bei Froe kontaktéiere kann.

A wat ass dann elo Grooming?

Majo dëst Wuert beschreift d’Aktioun, wann eng erwuesse Persoun ee Kand iwwert den Internet kontaktéiert, oft och mat enger falscher Identitéit, fir si esou sexuell ze mëssbrauchen an/oder si ze erpressen. An de meeschte Fäll dauert de Kontakt zum Erwuessene schonn eng Zäit, bis deejéinegen eng Vertrauensbasis opgebaut huet an de Passage zum Mëssbrauch oder zur Erpressung esou méi liicht ass.

De Verlaf ka verschidde Formen unhuelen. Wëll den Erwuessenen d’Kand sexuell mëssbrauchen treffen si sech am reale Liewen. Mee och duerch sexuell explizit Fotoe kann d’Kand herno erpresst ginn.

D’Affiche zu dëser Sensibilatiounskampagne gëtt virun allem an de Schoulen, Jugendhaiser, bei den Hëllefsservicer fir Kanner a Famillen, de Policebüroen, an de Gemengenhaiser, bei Dokteren a Spidoler verdeelt.

Natierlech ass d’Campagne op Facebook ze fannen. An dësem Kader ass awer och een flotte Video vu MENJE entstanen.

Related topics Claude Meisch, Grooming, MENJE, Mëssbrauch, sexuell Belästegung
Next post Previous post