Search

You may also like

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz
International Meenung Neiegkeeten

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz

Zënter senger Kreatioun Enn 2018 këmmert sech de Ministère fir

Zeréck an d’Fifties: Rockabilly Party am CAPE
International Meenung Neiegkeeten

Zeréck an d’Fifties: Rockabilly Party am CAPE

Bal all Joers am Fréijoer organiséiert de CAPE en Danzowend mat

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch
International Meenung Neiegkeeten

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch

Während dem Freideg-Gebiet ass et zu Christchurch (Neiséiland) zu Attacken

Mir bezéie Stellung!

Begënschtegt den Dateschutz de Kannermëssbrauch am Internet?

Mir bezéie Stellung!

Et gëtt kaum eng Plaz op der Welt, wou esouvill Biller/Filmer zu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner verbreet an ausgetosch ginn, wéi an der EU. D‘Nofro ass immens an d‘Verbriecher notzen déi bestoend Dateschutzgesetzer, fir onbestrooft hiren onséilegen Aktivitéiten nozegoen. Et bréicht hei besser Reegelen, mee dat ëmzesetzen ass och alt nees net esou einfach.

Laut leschten Erkenntnisser, géifen sech gutt 90% vun de pedophillen Internetsäiten op europäesche Server befannen. Den hollännesche Justizminister, Ferdinand Grapperhaus, stellt fest, datt dem EU-Dateschutz geschëlt ass an erkläert: „Dat organiséiert Verbriechen am Darknet mécht dorausser ee Geschäftsmodell“. Et sinn net nëmme Knaschterten déi Kanner mëssbrauchen, mee och ee Maart.

Ee richteg kriminelle Maart dee boomt, firwat den Hollänner sech u Google a Microsoft adresséiert huet. „Et ass offensichtlech en Deel vun ärem Geschäftsmodell“, soll de Ferdinand Grapperhaus zu Vertrieder vun den IT-Gigante gesot hunn, a weider „Eent dat dir net gären hutt, also loosst eis hei zesummeschaffen, fir dat aus dem Netz erauszehuelen“. Et geet hei also och ëm Kooperatioun.

Den Hollänner hofft, datt déi grouss Acteure „fräiwëlleg“ d‘Biller an d‘Filmer déi duerch hir Datenzenter lafen oder sech op hire Server befanne mellen. Dat wier esou eppes wéi Selbstkontroll a wéi seriéis besonnesch US-Konzerner domadder ëmginn, ass gewosst. Zudeem hunn se esouvill Fräiheeten am eegene Land net, wéi hinnen hei indirekt mam Dateschutz zougestane gëtt.

Et bréicht eng Meldeflicht

Fir d‘Julia von Weiler, Patronne vun der ONG „Innocence in Danger“ an Däitschland, geet dat net wäit genuch:

„Déi Massenhaft Verbreedung vu Mëssbrauchsduerstellunge wéist, wéi dréngend noutwenneg eng Meldeflicht fir Internetserviceprovider ass. An den USA an a Kanada, gehéiert dat längst zum Standard. (…) Esou eng Meldeflicht bedeit, datt dës Entreprisen zum enge melle musse wann si Mëssbrauchsduerstellungen op hire Säiten entdecken. Si musse virun allem och déi dozou gehéiereg IP-Adress matliwweren, fir datt d‘Autoritéite méi séier zouschloen a virun allem, Kanner aus Mëssbrauchssituatioune befreie kënnen“.

KannermëssbrauchAn dësem Kontext ass et och interessant festzehalen, datt d‘Amerikaner d‘Meldeflicht zu allem wat mat Mëssbrauch vu Kanner am Internet ze dinn huet, schonn 2008 agefouert hunn. Aus dësem Grond mussen d‘Provider hir Datesätz no esou Fotoen a Filmer scannen. Gett esou eppes fonnt, muss den „National Center for Missing an Exploited Children“ (NCMEC) direkt informéiert ginn.

Bei eisen däitschen Nopere sinn et ganz oft esou Datesätz, déi den Autoritéite vun den USA zur Verfügung gestallt ginn, déi Ermëttlungen iwwerhaapt eréischt méiglech maachen. Wéi dat bei eis zu Lëtzebuerg ausgesäit ass net gewosst, hei fillt sech keen zoustänneg/autoriséiert eng Ausso ze maachen. D‘Justiz verweist op d‘Politik, an déi verweist op Bréissel, an déi op den Hollänner…

Fuerderung

Wann sech dann eise Justizapparat an och d‘Regierung verweigert hei Positioun ze ergräifen, wat vun dëser Säit ausdrécklech bedauert gëtt, da maache mir dat elo. Woubäi mir keng „national“ mee eng europäesch Léisung fuerderen, a vun de Lëtzebuerger EU-Parlamentarier a ganz speziell vun eisem Kommissär Nicholas Schmit erwaarden, elo och an dësem Kontext endlech aktiv ze ginn.

„D‘Redaktioun fuerdert vun der Lëtzebuerger Regierung wéi och vun de lëtzebuergesche Vertrieder bei der EU, onbeuecht hirem Amt, Stellung oder politescher Zougehéieregkeet, datt si sech bei der EU-Kommissioun asetzen. Dës sollt all hir Méiglechkeeten am Kader vun der Legiferatioun notzen, fir däitlech ze maachen, datt de Schutz vun de Kanner net vum Dateschutz dierf ausgehiewelt ginn. Dat gëllt besonnesch am Kontext vum „Digital Service Act“ an Europol“.

Déi europäesch Police-Agence Europol hat schonn am Abrëll, op déi schänterlech Zounam vun den „Aktivitéiten“ wärend der sanitärer Kris, ausgeléist duerch d‘Covid19-Pandemie, higewisen. Och hei geet insistéiert, endlech Zougank zu den Daten ze erhalen, wa soll séchergestallt ginn, datt esou Verbriechen de juristeschen Instanze kënne virgeluecht ginn. An do deet sech jo anscheinend eppes.

Bis Joresenn, esou zumindest de leschten Informatiounsstand, wëll d‘EU-Kommissioun sech een neie gesetzleche Kader fir déi sougenannt „Digitalwirtschaft“ ginn. Mir fuerderen déi zoustänneg EU-Kommissärin Ylva Johansson op, sech fir méi streng Reegele géintiwwer de Provider, wéi och fir eng seriéis Kontroll op europäeschem Niveau anzesetzen.

Remark: „Bei Kannermëssbrauch kann ee sech net méi hannert der ‚journalistescher Neutralitéit‘ verstoppen. Wann ee bannent gutt véier Woche keng kloer Äntwerten op Froe kritt, een awer ëmmer nees muss iwwer Kannermëssbrauch beriichten, muss een dee Courage hunn sech ze positionéieren. Och der Objektivitéit sinn hei Grenze gesat“. (D‘Reaktioun)

Illustratioun: © Kat J / unsplash

Annexe: Digital Service Act

Related topics Darknet, Dateschutz, Digital Service Act, Europol, Internet, Kannermëssbrauch, Pedophilie, Pedopornographie
Next post Previous post