Search

You may also like

US-Wahlkampf geet op en Enn
International Neiegkeeten

US-Wahlkampf geet op en Enn

Muer Dënschdeg 3. November 2020: an den USA hunn kënnen

Taliban teste Kampfbereetschaft vun der Regierung
International Neiegkeeten

Taliban teste Kampfbereetschaft vun der Regierung

Nodeems ee Samschdeg an der afghanescher Haaptstad en Attentat op

Winterlights 2020: Wantermaart an Animatioun falen aus
International Neiegkeeten

Winterlights 2020: Wantermaart an Animatioun falen aus

Mëtt Oktober hat d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an d’Schäffe Serge

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz

Dräi Männer an Untersuchungshaft

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz

Op engem Camping an Nordrhein-Westfalen (Landkrees Lippe) sollen op mannst 23 Kanner sexuell mëssbraucht gi sinn. D‘Ermëttlungskommissioun „Camping“ geet vun dausend Eenzeldoten aus. Et goufen an dësem Zesummenhang dräi Männer am Alter tëscht 33 a 56 Joer verhaft.

Et ass en Dossier bei deem engem d‘Héngerhaut ausgeet. Aus dem Policebericht ass ze enthuelen, datt bei dëser Affär ëm Kannermëssbrauch, deenen dräi Beschëllegte virgeworf gëtt, 23 Kanner sexuell mëssbraucht a kannerpornographescht Material hiergestallt ze hunn. Zwee vun de Männer ginn als „Ausféierend Kraaft“, den drëtte soll den Optrag erdeelt hunn. Dee wier och gestänneg.

Bei der Pressekonferenz zu Detmold, huet de Chef vun der Ermëttlungskommissioun, Gunnar Weiss, Detailer zur Enquête bekannt ginn. An dësem Fall géif et ëm iwwer dausend Eenzeldote goen, an d‘Affer wieren all tëscht 4 a 13 Joer jonk. Den Ament misst een vu weideren Affer ausgoen. Betraff sinn, esou de Kommissär Achim Tietz, Jongen a Meedercher gläichermoossen.

De Kontakt zu den Affer sollen d‘Täter am Ëmfeld vum Camping gesicht hunn, op deem si Parzelle gelount haten. Den Haaptverdächtegen hat iwwerdeems als „Dauer-Camper“ 30 Joer op der Plaz gelieft, bis hien sech d‘lescht Joer op Drock vum Jugendamt eng Wunneng geholl huet. Camping a Wunneng kommen als Tatort a Fro. Während der Enquête goufe vill eekeleg Eenzelheete bekannt.

13.000 Kannerporno-Dateien

Laut dem Gunnar Weiss, sinn d‘Verbriechen iwwert en Zäitraum vun zéng Joer passéiert. Éischten Erkenntnisser no, wier 2008 fir déi éischte Kéier en aacht Joer jonkt Meedche mëssbraucht gi sinn. De 56 Joer ale Verdächtegen deen am Dezember verhaft ginn ass, gëllt als Haaptbeschëllegten. Him huet d‘Jugendamt 2016 offiziell d‘Betreiung fir dat haut aacht Joer alt Meedchen iwwerdroen.

Wéi et heescht, préift de Procureur ob d‘Verhale vu eenzele Mataarbechter vum Jugendamt richteg a gesetzkonform war. E schwéiere Virworf, deen och e politesche Volet kritt huet. An der tëscht huet de Chef de Service vum Jugendamt, Karl-Eitel John, d‘Virwërf géint seng Leit zréckgewisen. Fir d‘Fleegeverhältnis wier d‘Jugendamt net zoustänneg gewiescht, a si hätten dat och net zougelooss.

Alles an allem hunn déi zoustänneg Autoritéiten Date mat engem Ëmfang vu 14 Terabyte erhalen. Dat wieren, esou en éischten Iwwerbléck, 13.000 Kannerporno-Dateien. Wéi laang et wäert brauche bis dës Daten ausgewäert sinn? E geneeën Termin konnt net genannt ginn, et ka Méint daueren. De Landkrees huet der Bevëlkerung e Berodungstelefon mat pädagogesche Spezialisten ageriicht.

Related topics Campingsplaz, Däitschland, Kannermëssbrauch, Kannerpornographie, Landkreess Lippe
Next post Previous post