Search

You may also like

Contern an d’Comics: De 27. Internationale BD-Festival fënnt statt!
Neiegkeeten

Contern an d’Comics: De 27. Internationale BD-Festival fënnt statt!

An dësem Joer wäert déi 27. Editioun vum Internationale Comic-Festival

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat
Neiegkeeten

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Et war an engem briechend vollen Auditorium vun der Universitéit

Opruff vum STATEC
Neiegkeeten

Opruff vum STATEC

De STATEC fuerdert all Eenzelpersounen, Haushälter a Betriber op, weiderhin

Kannernouthëllef Lëtzebuerg rifft zu Spende fir Indien op

Kannernouthëllef Lëtzebuerg rifft zu Spende fir Indien op

D‘Kannernouthëllef Lëtzebuerg rifft zu Spende fir déi duerch Covid19 betraffe Kanner an hir Familljen an Indien op. Opgrond vun der katastrophaler Lag brauche Kanner a Familljen elo a Laangfristeg Hëllef.

D‘Kannerrechtsorganisatioun wëll mat den zousätzleche Mëttel finanziell, psychesch a physesch Hëllef leeschten. Ausserdeem fuerdert si d‘Patentrechter fir Covid19-Impfstoffer auszesetzen.

Indien mellt weltwäit Héchstwäerter vun de Coronavirus-Infektiounen. De Virus a seng Variante verbreeden sech séier am Land. Och d‘Aarbecht vun de Kannernouthëllef-Partnerorganisatiounen ass duerch d‘Pandemie staark ageschränkt oder muss temporär ausgesat ginn. Mataarbechter infizéieren sech duerchgoend mam Virus. Et gi leider och vill Affer ënnert hinnen ze bekloen.

An engem Land vun den Extremer wéi Indien, kann sech de Groussdeel vun der Bevëlkerung net virun dësem aggressive Virus schützen. „Social Distancing“ ass an engem Slum ee Privileg. Och esou d‘Waasser fir sech d‘Hänn ze wäschen, oder Schutz, wéi Masken.

Eng Mataarbechterin vun der Kannernouthëllef an Indien, Mayuri Datta, huet déi dramatesch Zeene geschëldert: „Aktuell versichen sech d‘Mënschen iwwer Socialmediaplattformen oder de Radio iwwer verfügbar Better an de Spideeler, Sauerstofffläschen an och Beotmungsapparater ze informéieren“. Zudeem feelt et un Impfstoff. Patentrechter verhënneren eng séier Produktioun an esou och déi gerecht Verdeelung. Elo hunn d‘USA géintiwwer der Welthandelsorganisatioun (WTO) an de G7-Länner eng Ophiewung vum Patentschutz fir d‘Dauer vun der Pandemie gefuerdert.

D‘Kannerrechtsorganisatioun appelléiert, och äermere Länner Vaccinen zu geréngere Präisser ze erméiglechen an esou den Taux vun den Impfungen ze erhéijen. Well, Impfstoffer mussen ee globaalt Gutt vun der Mënschheet sinn. Fir d‘Hëllefsmoossname rifft d‘Kannernouthëllef zu Spenden op:

Zweck: Nouthëllef Indien

Konto: LU50 0030 4812 1330 000

Bank/BIC: BGL BNP Parisbas / BGLLLULL

Foto: © Kannernouthëllef Lëtzebuerg

Related topics Beotmungsapparater, Coronavirus, Covid19, Impfstoff, Indien, Kannernouthëllef Lëtzebuerg, Patentschutz, Sauerstofffläschen
Next post Previous post