Search

You may also like

Tierkei: Den Erdogan rifft d‘Kurden op hie bei de Wahle vum 24. Juni ze wielen
Neiegkeeten

Tierkei: Den Erdogan rifft d‘Kurden op hie bei de Wahle vum 24. Juni ze wielen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet e Sonndeg, bei

D‘Police warnt: „Si hunn et op d‘Aueren ofgesinn“
Neiegkeeten

D‘Police warnt: „Si hunn et op d‘Aueren ofgesinn“

D‘Police weist an hirem Bericht vun ee Freideg op eng

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt
Neiegkeeten

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt

E Méindeg ass et den USA net gelongen eng UN-Resolutioun

Verdacht op Kannerpornografie: 46 Perquisitiounen an enger Woch!

Verdacht op Kannerpornografie: 46 Perquisitiounen an enger Woch!

Wéi bei der Pressekonferenz haut de Moie matgedeelt ginn ass, sinn duerch Hiweiser vun Interpol op Besëtz vu kannerpornografescht Material zënter e Méindeg bei ganzer 46 Persounen Hausduerchsuchungen duerchgefouert ginn. Jo, et gouf räichlech Material fonnt, wat elo ënnersicht gëtt.

Dobäi hunn 14 Perquisitiounen am Geriichtsbezierk Dikrech, an 32 am Bezierk Lëtzebuerg stattfonnt. Et soll sech bei de Verdächtegen ëm Eenzeltäter handelen. Erschreckend ass, datt vill Mannerjäreger dorënner sinn, d’Altersspann läit tëscht 11 a 70 Joer. En Zesummenhang tëscht dësem Geschéien an de Fäll aus dem däitsche Gießen a Bergisch Gladbach géif et net ginn.

De Phenomen vun der Kannerpornographie hëlt a leschter Zäit nees weltwäit zou.

Schonn Ufank 2019 huet en deemools 43-järege Mann, deen am Besëtz vu Kannerpornografie war, sech virum Lëtzebuerger Geriicht misse verantworten. Bal 10.000 Fotoen a 75 Filmer hu virun allem Meedercher tëscht 6 a 14 Joer am Bikini gewisen. E 40-järege Schoulmeeschter vu Biissen gouf zudeem verurteelt, well hie seng Schülerinne plakeg gefilmt huet. Dobäi koum am Juli 2019 e Prozess vun engem 56 Joer ale Mann, bei deem um Computer Fotoe vu plakege Jugendlechen tëscht 14 a 16 Joer konnte fonnt ginn.

Ma, d’Police mécht scho säit geraumer Zäit op d’Problematik opmierksam, datt op de sozialen Netzwierker ëmmer méi oft Beiträg mat kannerpornografeschem Contenu gepost ginn. Schockéierend, an deelweis och vu Gewalt a Brutalitéit gepräägt Inhalter ginn dobäi haaptsächlech vu Jonke verbreet.

D’Gesetz vum 21. Februar 2013 zum Kampf géint de sexuelle Mëssbrauch an der sexueller Ausbeutung vu Kanner gesäit fir d’Verbriecher eng Geldstrof vu bis zu 50.000 € an eng Prisongsstrof vu bis zu 3 Joer vir. Dës Strof kann duerch verschidde Facteuren erhéicht ginn.

Sollt Dir Affer vun esou enger Dot ginn, steet d’Police a BEE Secure mat senger Stopline zu Ärer Verfügung. E Kand, wat en direkt Affer vu sexueller Gewalt an den ënnerschiddlechste Formen ginn ass, soll sech u childprotection.lu riichten.

Opmaacherbild © Elti Meshau / Unsplash

Related topics 46 Hausduerchsuchungen, BEE SECURE Stopline, Claude Weis, David Lentz, Dikrech, Hëllef, Interpol, Jugendlecher, Kanner, Kannerpornographie, Kriminalpolice, Lëtzebuerg, Parquet, Pedophilie, Perquisitioun, Police Grand-Ducale, Steve Schmitz
Next post Previous post