Search

You may also like

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!
International Neiegkeeten

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!

Mir sinn an enger ongewéinlecher Situatioun, a well ongewéinlech Situatiounen

Wéi Luxair 40 Joer un Errongenschafte fir d’Salariéen ewechgeheie wëll
International Neiegkeeten

Wéi Luxair 40 Joer un Errongenschafte fir d’Salariéen ewechgeheie wëll

Nodeems d’Gewerkschafte vum LCGB, OGBL an NGL-SNEP sech um 20.

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…
International Neiegkeeten

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…

Wollt de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch

D‘USA setzen e Kappgeld op dem Osama bin Laden säi Bouf aus

Et wénke bis zu enger Millioun US-Dollar, egal a wéi engem Zoustand en ofgeliwwert gëtt…

D‘USA setzen e Kappgeld op dem Osama bin Laden säi Bouf aus

Den Hamza bin Laden, Fils vum fréieren al-Quaida Chef Osama bin Laden, dee sengerzäit vun den USA forméiert an ausstafféiert gi war, fir géint de Russ an Afghanistan ze kämpfen, iert hien eege Weeër bestridden huet an vun den Amerikaner „onschiedlech“ gemaach ginn ass, steet säit 2017 op der US-Terrorlëscht. Elo ka säi Kapp deem wou en op den Dësch leet, bis zu 1 Millioun abréngen.

Geld dat vum US-Ausseministère bereetgestallt gëtt. Och Informatiounen, wa se gutt sinn, sinn den Amerikaner e Grapp voll US-Dollar wäert, an un Interessente feelt et och net. Wat d‘Grënn fir den Opruff zur Mënschejuegd betrëfft, esou behaapt Washington, datt den Hamza bin Laden zanter 2015 eng féierend Roll am Terrornetzwierk al-Quaida iwwerholl hätt. Wierklech Beweiser leien net vir…

Kappgeld

Vun den US-Autoritéite gëtt sech drop behaapt datt: „Den Hamza ben Laden huet säit August 2015 an ënnerschiddleche Messagen am Internet zu Uschléi op d‘USA a géint seng westlech Alliéiert opgeruff. Hien huet och mat Terrorugrëff als Revanche fir den Dout vu sengem Papp gedreet“. Dat ass d‘Basis déi d‘Grondlag fir eng Mënschejuegd bitt, un där sech jidderee bedeelegen dierf.

An d‘Amerikaner maachen och net op „ongeféier“. Säit dem Osama bin Laden säi Bouf op der US-Terrorlëscht erschéngt, ass och säi Verméige vun den USA „agezunn“ ginn. Zudeem ass et elo US-Bierger an Entreprise verbueden, mam Hamza bin Laden Geschäfter ze bedreiwen. Et ass dann och egal a wéi engem Zoustand den „Terrorist“ ofgeliwwert gëtt. Wéi heescht et: „Death or Alive“…

mat indymedia/nyc

Foto: Auszuch aus engem Video, dee vun der CIA am November 2017 verëffentlecht ginn ass. © US Department of State

Related topics Hamza bin Laden, Kappgeld, Osama bin Laden, Terror, US-Ausseministère, US-Justiz
Next post Previous post