Search

You may also like

money
De STATEC befaasst sech mat engem Mythos (Kommentar)
Neiegkeeten Sport

De STATEC befaasst sech mat engem Mythos (Kommentar)

Natierlech huet et zu Lëtzebuerg déi 1% wou sämtlech Statistike

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus
Neiegkeeten Sport

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus

[onionbuzz quiz-id=133][/onionbuzz] De Kanton Réimech ass deen zweetklengste vun der

Ee mëlle Wanter mat vill Reen – d’Landwirtschaft freet sech
Neiegkeeten Sport

Ee mëlle Wanter mat vill Reen – d’Landwirtschaft freet sech

E Méindeg huet nom meteorologesche Kalenner d’Fréijoer ugefaangen. An dësem

Karate Club Déifferdeng – Haart Schléi, soziale Kär

Karate Club Déifferdeng – Haart Schléi, soziale Kär

Leidenschaft féiert zu Qualitéit a Motivatioun. No dësem Leetfuedem agéiert de Karate Club Déifferdeng a schenkt domat dem Kampfsport eng immens sympathesch, opmierksam a sozial Déift. Wéi et an den nächste Jore fir de Club viru leeft a wie sech aus hirer Ekipp scho ganz besonnesch op d’Participatioun un der Europäescher Meeschterschaft a Finnland freet, huet de Comité e Méindeg presentéiert.

„Et ass wichteg fir e Club wéi Déifferdeng no vir ze kucken an eng Visioun ze hunn“, erkläert de President Fred Charlé. Aus de Feeler vun der Vergaangenheet hu si geléiert a wäerten déi nei Saison net méi eleng mat engem eenzegen, mee engem ganze Grupp un Trainere starten. Ma, si kréien zousätzlech Ënnerstëtzung vu jonken engagéierte Memberen, déi hinnen am Eeschtfall eng Hand mat upake kënnen.

De Kierper a Geescht net iwwerfuerderen

Nieft dem Comité an den Trainer kann de Karate Club Déifferdeng op säi Service Medico zielen. Ënnert anerem ass et d’Zenia Charlé, selwer Sportlerin a Vize-Presidentin vum Veräin, dat duerch säi Beruff als Kiné de Kierper ze verstoe weess.

Karate Club Déifferdeng
D’Zenia Charlé, Sportlerin a Vize-Presidentin beim Karate Club Déifferdeng © Shari Pleimelding / moien.lu

Kanner si wibbeleg, strotze vun Energie a wéilten am Léifsten déi erstaunlechst a beandrockendst Beweegungen, Schrëtt a Schléi direkt kënnen. Heiansdo ass et och den Drock vun den Elteren, bei all Training iwwert seng Grenzen erausgoen ze mussen. Ma, d’Motivatioun bleift awer just dann op Dauer bestoen, wann d’Iwwerfuerderung net opkënnt.

Am Alter vu 4 Joer huet d’Zenia de Karate fir sech entdeckt, am jugendlechen an erwuessenen Alter seng Formatiounen zum Trainer gemaach. De Club hätt schonn ëmmer d’Fërderung vun Talenter am Bléck gehat, mee och gesinn, datt et Limitte ginn, erkläert hatt. Seng Kenntnisser als Kiné droen e wesentlechen Deel dozou bäi, de Kanner déi nach matten am Wuesstem stiechen, net ze vill zouzemudden a léiwer emol e Gang zeréckzeschalten, wéi herno net méi nozekomme mam Programm.

Karate Club Déifferdeng
De Fred Charlé, President vum Veräin © Shari Pleimelding / moien.lu

Fir de sportlechen a kulturellen Echange

D’Regioun am Minett zielt eng grouss kapverdianesch Gemeinschaft an och Sportler aus den eegene Reien hunn hir Originnen am afrikaneschen Inselstaat. Scho virun der Pandemie sinn Trainer aus dem Veräin erof geflunn fir déi gemeinsam Leidenschaft auszeüben, sech awer och besser kennenzeléieren.

Ma, dësen Austausch soll viru gefërdert ginn, an esou ass fir de Juli 2022 eng Rees un de Cap Vert geplangt, zesumme mat allen interesséierte Memberen, respektiv deenen, déi de Mindestalter erreecht hunn. Zil ass et net nëmmen zesummen ze trainéieren, mee och kulturell vuneneen ze léieren.

Am Kampf ëm den Titel

Vum 20. bis den 22. August 2021 fënnt déi 48. Karate-EM a Finnland (NEM 2021) statt. Mat dobäi sinn wäert d’Rosaria Cinardo, wat sech an de leschte Méint an de Selektioune vum nationale Kader beweise konnt. Fir déi jonk Sportlerin ass dëst déi éischt grouss Meeschterschaft – trainéieren deet hatt dofir 5 bis 7 Mol d’Woch.

Karate Club Déifferdeng
D’Daume si gedréckt fir d’Rosaria Cinardo! © Shari Pleimelding / moien.lu

Schonn als Kand wollt hatt en aktive Sport maachen, war impressionnéiert vun der Selbstverdeedegung an huet sech beim éischten Training direkt an de Karate verléift. Nieft Talent a Motivatioun wier et besonnesch wichteg sech Zäit ze huelen, erkläert d’Rosaria. Ma, hatt selwer hätt och de Problem sech gären ze iwwerschätzen, wou d’Elteren an d’Trainer dann als Brems antriede mussen.

D’Schülerin aus dem Sportslycée ass schrecklech houfreg a Finnland dobäi dierfen ze sinn. De spannenden a wichtegsten Deel läit awer eréischt virun him – säin Zil ass déi 1. Plaz. An dobäi drécke mir dem Rosaria d’Daumen!

Related topics Cap Vert, Celestino Feechi, EM Finnland, Energie, Fred Charlé, Kampfsport, Karate Club Déifferdeng, Motivatioun, Rosaria Cinardo, Training, Zenia Charlé
Next post Previous post